Blog

Triple A, awer keng Wunneng?

Disclaimer

De follgenden Artikel ass e Meenungsbäitrag vum jeeweilegen Auteur a spigelt net onbedéngt d’Positioun vun der Partei FOKUS erëm. Mir sti fir eng breet Diskussiounskultur an halen et dofir fir wichteg, hei och anere Meenungen de Plaz ze ginn, deen hinnen zousteet.

Triple A fir d’Finanzen – mee wat bréngt dat de Leit?

Lëtzebuerg ass eent vun de wéinege Länner, dat nach ëmmer den Triple A huet. Dee gëtt staatlech héichgehalen, well et natierlech gutt ausgesäit, wann ee sech domat bei auslänneschen Investisseure ka bretzen.

Fir déi normal Bevëlkerung bréngt dat awer wéineg. Wat huet eng Famill vun engem Triple A, wann d’Liewen an d’Wunnen am eegene Land ëmmer méi zur Existenzfro ginn? Bei ville Stéit schléit de Loyer oder de Wunnkredit mëttlerweil mat iwwer 40 % vum Akommes op de Budget. Dobäi ginn et kloer Recommandatioune vun der OECD, déi soen, datt d’Käschte fir Wunnen eigentlech net méi wéi 30 % vum disponibele Revenu sollen sinn. Zu Lëtzebuerg gëtt dës Grenz awer scho säit Joeren massiv iwwerschratt.

Mee vläicht ass dat déi nei Lëtzebuerger Definitioun vu „bezahlbarem Wunnen“: Wann ee nom Loyer nach genuch huet fir Tanken an eng Tiefkühlpizza.

D’Mëttelschicht geréit ëmmer méi ënner Drock.

An et sinn haut net méi just Leit um Mindestloun betraff. Ganz am Géigendeel. Besonnesch déi Leit, déi knapp iwwer de soziale Grenzen leien an dowéinst keng oder just wéineg staatlech Hëllefe kréien, leiden ëmmer méi ënner deser Situatioun.

Fir vill Persounen mat nëmmen engem Akommes ass et bal onméiglech ginn, nach bezuelbare Wunnraum zu Lëtzebuerg ze fannen. Virun allem vill Jonker, déi grad an d’Beruffsliewe starten, ginn iwwer d’Grenz wunnen. Familljepläng ginn no hanne geréckelt, an ëmmer méi Leit froe sech, ob si iwwerhaapt nach eng Zukunft am eegene Land hunn.

An do muss een sech dach awer d’Fro stellen: Schwäche mir domat net och eist sozialt Liewen, den Zesummenhalt an op laang Siicht esouguer eis Wirtschaft?

Vill Ukënnegungen – mee wéineg konkret Resultater.

D’Regierung kënnt zwar reegelméisseg mat neie Mesuren, déi vläicht gutt gemengt sinn, mee de Kärproblem net léisen.

Et gouf e „Pacte Logement 2.0“ ugekënnegt, zesumme mat enger Reform vum VEFA-System. Et gouf och iwwer „Housing Bonds“ geschwat, wat awer erëm éischter no enger Mesure kléngt, fir Investisseuren unzezéien, wéi no enger konkreter Äntwert op d’Problemer vun de Leit.

Well wann eng normal Famill keng Wunneng méi fënnt, ass déi logesch Prioritéit natierlech fir d’éischt nach e flotte Finanzprodukt ze lancéieren.

Eng vereinfacht Aschreiwung iwwer Guichet.lu soll de Leit den Zougang zu bezuelbarem Wunnraum vereinfachen. Mee do stellt sech awer eng einfach Fro: Wat bréngt eng digital Wardelëscht, wann et net genuch bezuelbar Wunnenge gëtt?

Mee zumindest kann een sech elo modern a digital op eng Wunneng bewerben, déi et net gëtt.

Och e Mietkadaster soll elo agefouert ginn, fir besser kënnen nozëvollzéien, wéi héich d’Loyere sinn a wéi vill Wunnenge eidel stinn. Transparenz ass sécher net falsch.

Mee wann d’Mietgesetz selwer net konsequent ugewannt gëtt, da bleift och dat erëm just eng administrativ Moossnam ouni wierklech Wierkung. An dobäi kënnt, dass de Mietkadaster esouguer an den eegene Reie vun der DP net onëmstridden ass an intern scho Kritik ausgeléist huet.

Dat selwecht gëllt fir déi geplangten national Mietkommissioun. Natierlech kann et sënnvoll sinn, Streidereien tëscht Proprietären a Locatairen besser ze behandelen. Mee och hei kann ee sech froen, ob dat net erëm virun allem administratiivt Gepleischters ass, wärend déi eigentlech Wunnengskris ëmmer méi grouss gëtt.

An zu gudder Lescht goufen aus „Kaffiszëmmeren“ elo einfach „Logementer mat multiple Bailen“ – wéi wann eng nei Bezeechnung eppes un der Realitéit géif änneren. Fir e räicht Land wéi Lëtzebuerg ass et e battert Trauerspill, datt een 2026 iwwerhaapt nach muss doriwwer diskutéieren, ob 9 Quadratmeter an reduzéiert Sécherheetsreegele fir esou Wunnformen akzeptabel sinn.

Lëtzebuerg gëtt ëmmer besser doranner, d’Wunnengskris ze dokumentéieren, ze analyséieren an ze verwalten — just net doranner, se ze léisen.

De Marché eleng wäert dës Kris net léisen.

Fir d’Wunnengskris wierklech an de Grëff ze kréien, brauch et kloer Ziler an de Courage, se och ëmzesetzen.

Mëttlerweil misst eigentlech jiddwereen unerkennen, datt de Marché eleng dës Situatioun net wäert léisen.

Lëtzebuerg brauch bis zu 6.000 nei Wunnengen pro Joer, fir dem reelle Besoin gerecht ze ginn. D’Loyere mussen dauerhaft bezuelbar bleiwen, an net ëmmer nees un d’Spekulatioun ugepasst ginn.

Geneemegungsprozedure mussen endlech vereinfacht a beschleunegt ginn. Et kann net sinn, datt all Gemeng hir eege Reegele huet an doduerch Projeten iwwer Jore blockéiert ginn. Och d’Gemenge mussen agesinn, datt ee bei esou enger nationaler Kris net iwwerall säinseng eegen Zöpchen ka kachen.

Gläichzäiteg muss Bauland aktivéiert ginn. Et däerf net méi rentabel sinn, Terrainen iwwer Joren eidel stoen ze loossen, just fir spéider nach méi Profit domat ze maachen.

D’Politik steet an der Verantwortung.

Et gëtt nach vill aner Mesuren, déi néideg wieren. Mee dofir brauch et eng Regierung, déi och bereet ass, wierklech couragéiert Decisiounen ze huelen – an net nëmmen ëmmer nees nei Etüden, Registeren, Kommissiounen oder „innovativ“ Finanzproduiten unzekënnegen.

Well Housing Bonds kléngen natierlech modern an innovativ, mee am Endeffekt huet een heiansdo den Androck, datt erëm virun allem Investisseuren eng nei Méiglechkeet kréien, Rendement aus der Wunnengskris ze zéien, wärend déi normal Famill sech nach ëmmer freet, wéi si de nächste Loyer oder Kredit soll bezuelen.

D’Regierung ass awer an der Pflicht, jidderengem eng Perspektiv op bezuelbare Wunnraum ze ginn – esou wéi et och am Artikel 40 vun der Verfassung virgesinn ass.

Mee vläicht ass „Perspektiv op Wunnraum“ mëttlerweil esou gemengt, datt een d’Wunneng zumindest nach aus der Distanz ukucke kann.

Wéi eng Zukunft wëlle mir fir Lëtzebuerg?

Lëtzebuerg steet virun enger wichteger Richtungsentscheedung: Wëlle mir akzeptéieren, datt bezuelbare Wunnraum ëmmer méi zum Privileeg vun deene gëtt, déi vill verdéngen oder op familiäert Verméige kënnen zeréckgräifen?

Oder, dass auslännesch Investisseuren sech hei um Immobilienmarché breet maachen fir den Rendement nach mei grouss ze maachen?

Dobäi ass de Besoin kloer: Lëtzebuerg brauch ronn 6.000 nei Wunnengen pro Joer. Wann de private Marché dat net fäerdeg bréngt, da muss de Staat méi Verantwortung iwwerhuelen an gezielt bezuelbare Wunnraum schafen, deen net der Spekulatioun iwwerlooss gëtt.

D’Fro ass also, wéi eng Zukunft mir wëllen: E Land, an deem nëmmen nach déi Stäerkst sech Wunnen leeschte kënnen, oder e Lëtzebuerg, an deem och jonk Familljen, Salariéen an d’Mëttelschicht nach eng realistesch Perspektiv hunn?

Related Articles

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

Back to top button