Blog

Vum Rentensystem zum Wuelstandssystem

Disclaimer

De follgenden Artikel ass e Meenungsbäitrag vum jeeweilegen Auteur a spigelt net onbedéngt d’Positioun vun der Partei FOKUS erëm. Mir sti fir eng breet Diskussiounskultur an halen et dofir fir wichteg, hei och anere Meenungen de Plaz ze ginn, deen hinnen zousteet.

Vum Rentensystem zum Wuelstandssystem

FOKUS Wuelstandssystem

Bekanntlech steet den Pensiounssystem zu Lëtzebuerg viru verschiddenen Erausfuerderungen, déi besonnesch wichteg sinn, wann ee op déi demographesch Entwécklungen an d’Zukunft vun der sozialer Sécherheet kuckt. Haaptproblemer déi oft zitéiert ginn sinn:

Demographesch VerännerungenLëtzebuerg huet eng ëmmer méi al Populatioun. D’Liewenserwaardung klëmmt, an d’Zuel vu jonke Leit, déi an de System abezuelt, geet relativ zeréck. Dat féiert dozou, datt ëmmer manner aktiv Beschäftegter fir ëmmer méi Rentner opkommen mussen.
Ofhängegkeet vum AarbechtsmaartDen Pensiounssystem ass staark ofhängeg vun de Cotisatiounen, déi aus dem Aarbechtsmaart erakommen. Lëtzebuerg profitéiert aktuell vun enger héijer Beschäftegungszuel, besonnesch duerch Frontalieren. Sollt d’Beschäftegung stagnéieren oder zeréckgoen, kéint dat d’Finanzéierung vum System a Gefor bréngen.
Finanzéierung a ReserveOch wann de Pensiounsfong aktuell nach Reserven huet, gëtt erwaart, datt dës an de nächste Joerzéngten ofhuelen. Prognosen no kéint de System ab 2030 oder 2040 an e strukturelle Defizit rutschen, wann keng Upassunge gemaach ginn.
Ongläich Verdeelung a GeneratiounsgerechtegkeetEt gëtt Suergen, datt déi aktuell Struktur vum System net gerecht tëscht de Generatioune verdeelt ass. Jonk Leit, déi haut an de System abezuelt, kéinten an Zukunft manner profitéieren, wa keng Reformen duerchgefouert ginn.

Dëst sinn bekannt Problemer. Et ginn allerdéngs weider gesellschaftlech Problemer déi net vum aktuellen Pensiounssystem a Consideratioun geholl gi:

Räichtum vun de Lëtzebuerger

>>95% vum Räichtum vun de Lëtzebuerger besteet aus 2 Produiten: Immobilien (Primär- a Sekundär Wunnengen) an hir Pensioun. Déi éischt ass eng verstoppt illiquid Investitioun, ënnerläit laangfristeg Immobiliemaart Schwankungen, Maart Entrée / Exit Timing, an brauchen extern Finanzéierung zu gudden Tauxen, fir rentabel ze sinn. Et ass eng verstoppt Investitioun am Sënn datt d’Awunner haaptsächlech wëllen en Haus fir sech selwer an hir Familljen kafen, an 25-30 Joer méi spéit mat engem steierfräie (Multi-)Milliounen Euro Verméigen do stinn. Den zweeten Produit, oft iwwersinn, ass vill manner intuitiv am Sënn datt d’Pensiounen haut duerch en intergenerationellen Ëmverdeelungssystem bezuelt ginn an bis zum Punkt vun der Eligibilitéit (heescht bis zum Rentenalter) komplett net verfügbar ass. D’Lëtzebuerger hunn onbewosst decidéiert de Kär vun hirem perséinleche Räichtum op illiquid an net verfügbare Produiten ze limitéieren mam Zil e laangfristege Rendement beim Verkaf vun hiren Immobilien ze kréien an vun hirer Pensioun ze liewen. De Rescht vun hirem Räichtum ass a Autoen a perséinleche Besëtzer déi konstant un Wäert verléieren, a dowéinst net vun Belang sinn. Dofir sinn eng grouss Zuel vu Lëtzebuerger Asset Rich & Cash Poor.

Dëse System huet an de leschte Joerzéngten richteg funktionéiert, mat (relativ) einfachem Zougang zu Immobilien Finanzéierung, konstant Immobilien Präisser Erhéijungen, e stabille Pensiounsfonds a laangfristegen wirtschaftleche Wuesstum. Am beschten funktionéiert den System wenn 2-3 Generatiounen vun engem Stot dovun profitéiert hunn.

Heterogene Populatioun

  • D’Realwirtschaft zu Lëtzebuerg gëtt haut haaptsächlech vun Expats an Grenzgänger am Finanzservice Secteur (an aner Schlësselsecteuren) gedroen. Et gëtt kee Grond firwat en Elektriker, Riichter, Prof, etc, méi zu Lëtzebuerg verdéngt ewéi an den Nopeschlänner – ausser (1) de Fait dat verschidde Kärsecteuren vill Suen an d’Land an d’Staatskeesen afléissen loossen, déi dono ëmverdeelt gi kennen, an (2) doduerch dat Lëtzebuerg kléng ass, et wirtschaftlech méiglech ass kléng Konzentratiounen vun Wuelstand an verschidden Secteuren ze hunn (z.B. am Staatssecteur).
  • D’Situatioun vun den Frontalieren haut, an hir Astellung zu Lëtzebuerg, ass dramatesch. E Thema wat bei weitem net oft genuch thematiséiert gëtt, ass d’generell Onzefriddenheet an d’Absence vun Solidaritéit / Heemechtsgefill zu Lëtzebuerg. Wéi wéit ass den Lëtzebuerger Sozialsystem vun Frontalieren ofhängeg? Wéi wielen Frontalieren haut (lénks/riets) an ass hir politesch Positioun am Aklang mat Lëtzbuerger Valeuren an Ufuerderungen vum Aarbechtsmaart? Wéi vill Frontalieren am Joer 2050 gi gebraucht fir den wirtschaftlechen Wuesstem ze garantéieren? Sinn mir sécher dat Frontalierelteren am Joer 2050 hiren Kanner recommandéieren fir hir Kanner op Lëtzebuerg schaffen ze loossen?
  • Déi Expaten déi am Joer 2050 gebrauch ginn fir den Ëmverdeelsystem ze fiancéieren, kéinten haut Lëtzebuerg warscheinlech net op enger Landkaart fannen.

Den intergenerationellen Ëmverdeelsystem mécht vill Sënn an enger homogener Populatioun, wou d’Ëmverdeelung vun Elteren op Grousselteren an Kanner op Elteren innerhalb vun der selwechter Populatioun verleeft. An enger Populatioun mat engem héijem Auslänner Taux, bei der d’Aarbecht Populatioun vun Frontalieren am Joer 2050 méi héij ass ewéi déi am Inland, déi vun Expaten aus Drëttstaaten, gedroen gi muss, dierf een den intergenerationellen Ëmverdeelsystem a Fro stellen. E groussen Deel vun den Pensiounen ginn haut an d’Ausland ausbezuelt. Am Joer 2050 ass et eng staark Majoritéit.

Onchiffréiert Solidaritéit a Manktem un Transparenz

Wéivill Suen hunn ech an d’Pensiounskeess wärend menger Carrière abezuelt? Wéivill Rendement hätt ech erreecht hätt ech déi Suen direkt an den Pensiounsfong abezuelt? Dat sinn ganz einfach froen, mee d’Äntwert gëtt bewosst verschleiert an net kommunizéiert. Den aktuellen System reflektéiert eng de Pappa Staat mécht scho Mentalitéit an erlaabt et net den Léit sech aktiv anzebezéien.

Vill Iddien, z.B. Erhéijung vun der Mindespensioun, ginn virgestreckt ouni den individuellen Impakt per Persoun ze chiffréieren. Dobäi ass den Impakt einfach chiffrable. Wéivill vun mengen Suen ginn ëmverdeelt an ass des Ëmverdeelung fair a Sozial? Gett Sozialpolitik mat menger Pensioun bedriwwen? Dat Positiivt un Solidaritéit ass dat si chiffrable ass. Dovun muss een gebrauch maan.

Akommes vs Besëtz

Lëtzebuerg huet eng Notorietéit fir alles op Akommes ze rechnen (z.B. Urecht op eng Indemnitéit de Chômage, Allocatioun de vie chère, Besteierung, etc.). An engem Land an dem vill Léit Asset Rich & Cash Poor sinn, ass et méiglech fir eng Immobilie am Wäert vun +1 Millioun Euro ze hunn an gläichzäiteg Chômage ze bezeien. Ab engem gewëssen Moment ass et awer wichteg fir an enger Gesellschaft den Schwéierpunkt vun Akommes op Wuelstand ze leen an eng besser Chiffréierung vum individuellen Wuelstand zu hunn. Och wat Besteierung ugeet.

SOLUTIOUN

Aktuell Iddien vu verschiddene Parteien versiche net déi existent Problemer ze léisen, mee probéieren éischter en alen, net nohaltegen, onfairen System ze konservéieren andeems se laangfristeg Liquiditéitsproblemer kompenséieren. D’Iddien sinn ëmmer déi selwecht: Erhéijung vun den (Aarbechter / Patron) Contributiounen, méi laang schaffen goen, Erhéijung vum Rentenalter, Déplaffongéierung vun Contributiounen, etc. Parteien déi probéieren méi sozial eriwwer ze kommen, wëllen des Mesuren gestaffelt ëmsetzen (z.B. eng gestaffelt Erhéijung vun den Contributiounen, periodesch Erhéijung vum Rentenalter, etc.). Et sinn alles déi selwecht Iddien mat engem aneren Grad un politeschem Wellen.

Mir proposéieren méi innovativ, laangfristeg Äntwerten op des Problemer, och wenn et sech dobäi um e paradigmen Wiessel handelt:

Phase 1: Generaliséierung vun Investitiounen vum 0 bis 21 Liewensjoer duerch d’Aféieren vun engem 4ten Pilier

Jiddereen deen zu Lëtzebuerg op d’Welt keent, muss bei der Gebuert (oder der Arrivée zu Lëtzebuerg) en Investitiounskonto hunn, op deem e fixe minimum Betrag pro Mount bis zum Alter vun 21 Joer investéiert gëtt. Lëtzebuerg ass bekanntlech den zweet gréissten Investitiounsfongen Zentrum op der Welt, an ewell hunn déi meescht Lëtzebuerger keen Investitiounskonto an investéieren net an déi Produiten déi d’Land räich maan.

Lëtzebuerg soll eng Investitiouns Mentalitéit entwéckelen, a jonk Erwuessener sollen encouragéiert ginn ab engem jonken Alter ze investéieren. De Bäitrag vun z.B. 250 Euro pro Mount soll vun den Elteren, dem Staat an duerch Patron / Mataarbechter Virdeeler gesponsert ginn (inklusiv Stéier Avantage). Dëse Montant ass méi niddreg ewéi d’aktuellt Kannergeld.

Dëse System erlaabt all Awunner den zu Lëtzebuerg op d’Welt komm ass e gewëssene Räichtum vun ongeféier iwwert 100.000 Euro (excl. Fraisen) am Alter vun 21 ze sammelen, wärend nëmmen 63.000 Euro investéiert gi sinn. Wann keng zousätzlech Bäitrag méi gemaach ginn, erhéicht dës Zomm sech bei engem järleche Nettorendement vu 5% op:

Alter 5660Alter 65
700.000 EUR700.000 EUR900.000 EUR

Dëst eleng géif d’Lück vun der aktueller Pensiounsdisbalance zoumaachen.

Q2 2025 ass den Mindestloun fir eng Vollzäitaarbecht zu Lëtzebuerg 3.244,48 Euro (entspriechend 551,56 Euro Bäitrag (2x 8,5%) pro Mount zum aktuellen Ëmverdeelungssystem (Employeur an Employée Contributioun), deen benotzt gëtt fir déi aktuell Pensiounsausflëss ze kompenséieren). EUR 100k als initial Investitioun am Alter vun 21 géifen bei 5% Nettorendement, inklusiv Pensiounsbeiträg, zu dem follgende Resultat féieren:

30 Joer Beschäftegung35 Joer Beschäftegung40 Joer Beschäftegung
900.000 EUR1,2 Mio. EUR1,55 Mio. EUR

Dëst ouni Indexatiounen, Lounerhéijungen, Eegecontributiounen, etc., anzerechnen.

Dëse System géif net nëmmen d’Pensiounsdisbalance zoumaachen, mee och eng nei Kultur vun Investitioun a Räichtumsschafung zu Lëtzebuerg fërderen. Et ass wichteg, datt mir als Gesellschaft dës nei Iddi ënnerstëtzen an esou fir eng sécher a räich Zukunft fir eis jonk Generatioun suergen.

Als Deel vun den EU Spuer- an Investitiounsunioun (SIU) a Pan-European Personal Pension Products (PEPP) Strategien soll den Ottonormalbierger Zougang zu Liquid a Semi-Liquid Produiten erliichtert kréien.

D’Propose ass fir e néie Produit ze erstellen den et erméiglecht, nieft der Pensiounskeess, direkt an den Pensiounsfong ze investisséieren. Zur Zäit ass d’Pensiounskeess den eenzege Aktionär vum Pensiounsfong (den Fonds de compensation commun au régime général de pension (FDC)). En parallelt Investissement an den FDC géif den Léit déi gläich Rendit garantéieren (ronn 5% pro Joer). Et gëtt haut Produiten déi et erméiglechen fir Kanner an Aktien an aner Finanz Produiten ze investisséieren. Des Finanz Produiten sinn dann awer um Numm vun den Elteren oder, falls um Numm vun den Kanner, ab dem 18. Liewensjoer fir d’Kanner disponibel. Et sinn Spuer Produiten an keng Pensioun oder Wuelstands Produiten. Et gëtt zu Zäit kee bekannte Produit den et Elteren (oder dem Staat) erlaabt e laangfristege Wuelstandsplang fir Kanner opzebauen fir Altersaarmut ze verhënneren an den Rentesystem ze stäerken.

Phase 2: Vum Pensiounssystem zum Wuelstandssystem; Vum Pensiounsfong zum Lëtzebuerger Wuelstandsplang.

E paradigmen Wiessel ass néideg fir déi aktuell Problemer ze léisen.

Ab dem 01. Januar 2026 ginn 25,5% vun all Gehalt zum Rentesystem bäigedroen (8,5-8,5-8,5% vum Employé, Employeur an dem Staatsbudget). Dëst gëtt als de Pilier 1 ugesinn. Aarbechter (Pilier 2) a Employeuren (Pilier 3) kënnen weider op fräiwëlleger Basis a zousätzlech Pensiounsproduiten investéieren.

E gutt funktionéierend Wuelstandssystem erfuerdert weder dräi (nach véier) Pilieren. Virun allem net dann, wann zwou dovun fakultativ sinn, net generaliséiert a meeschtens eréischt spéit an der berufflecher Karriär zougänglech ginn. Praktesch all Salarié zu Lëtzebuerg ass automatesch am Pilier 1 affiliéiert. Stand Enn Oktober 2025 entsprécht dat ronn 527.649 aktive Aarbechtskontrakter. Den Donnéeë vun der Association Luxembourgeoise des Fonds d’Investissement (ALFI) no sinn am Pilier 3 ronn 1,5 Milliarden Euro konzentréiert, an dat fir ongeféier 13.000 Memberen. Dat entsprécht manner wéi 2,5 Prozent vun der Aarbechtspopulatioun, déi iwwer de Pilier 3 ofgeséchert ass. En änleche Montant fënnt een am Pilier 2, awer verdeelt op ronn 135.000 Persounen. Dësen Pilier 2 ass awer éischter e Spuer Produiten doduerch bedéngt dat een d’Suen scho am reegel Fall no zéng Joer stéiererliichtert benotzen dierft. De Fazit ass kloer: de Pilier 2 ass net generaliséiert a kënnt net jidderengem am selwechte Mooss zegutt. De Pilier 3 ass nach vill méi restriktiv a stellt en Ausnamemechanismus duer, vun deem just eng Minoritéit vu Leit profitéiert, meeschtens a spezifesche Secteuren oder bei bestëmmte Patronen. Fir déi grouss Majoritéit vun den Aarbechter spillen dës zwou Konstruktiounen am Alldag keng reell Roll. Et ass dofir grondsätzlech problematesch iwwer “Pilieren” ze schwätzen, well dëse Begrëff eng Gläichwäertegkeet suggeréiert, déi an der Realitéit net existéiert. D’Impakter vun de verschiddene Mesurë sinn extrem ongënschteg verdeelt an hu fir déi meescht Leit net déi systemesch Bedeitung, déi de Begrëff implizéiert. Et gëtt kee Grond fir dës Pilier Strategien parallel mat verschiddenen Zildatumen, verschiddene Produiten, verschiddene Stéierureizer a Renditen lafen ze hunn.

Den aktuellen Umlageverfahren soll an e Kapitaldeckungsverfahren gewandelt ginn. Am Platz d’Cotisatiounen, déi aktuell Beschäftegter bezuelen, ze benotzten fir d’Pensiounen vun deene Leit ze bezuelen déi schonn a Pensioun sinn, bezilt all Persoun an en Investmentfong (den Wuelstandsfong) wou d’Geld investéiert gëtt. Bei der Pensioun kritt een seng eegen ofgespuert a verzënst Zommen ausbezuelt.

Dëse Modell huet keng Aarbechtsalter Restriktiounen oder Zil Pensiounsdatum. All Persoun kann individuell entscheeden sech zeréckzezéien, wann hien / hatt mengt genuch Räichtum gesammelt ze hunn. Dowéinst ass d’Referenz zu “Pensioun” net méi richteg – den System gëtt zu engem Wuelstandssystem woubäi all Persoun probéiert sech e groussen privaten Wuelstand opzebauen.

Eng vun den groussen Stäerkten vun Lëtzebuerg ass äis Solidaritéit. Et geet net dorëm en komplett individualiséierten System ze schaffen wou jiddereen fir sech aleng schafft a contribuéiert. Dowéinst mussen mir eng solidaresch Altersvorsorge a Mindesrent garantéieren. All Persoun, ab engem gewëssen Alter, den sech legal zu Lëtzebuerg ophält, soll eng garantéiert Mindesvorsorge kréien onofhängeg vun individuellen Contributiounen. Eng Sorte „Universal Akommes fir eeler Léit“. Den Mindestalter soll 65 Joer sinn an dono mat der Entwécklung vun der Liewenserwaardung verbonnen, evaluéieren. Dëst soll vun Steierrecetten finanzéiert, an net aus Kapital vum Empfänger bezuelt, ginn. Aktuell, ab dem 01 Januar 2026, ginn scho 8,5% vun den Contributiounen (staatlechen Undeel) vun Steierrecetten fiancéiert. Et géif sech dobäi also éischter um eng Steierlech Ëmverdeelung handelen.

Employeuren an Employéeën sollen an e Investitiounsfong investisséieren. Dëst kann e Fong fir all Geschäfter an enger bestëmmter Industrie sinn, e Fong deen fir eng spezifesch Firma schafft, oder e Fong fir eng Grupp vu Leit, déi a bestëmmte (z.B. medezineschen) Beruffer schaffen. Et kéint och einfach den aktuellen FDC sinn. D’Participatioun un engem spezifeschen Industriefong kann ënner Ëmstänn obligatoresch fir de ganze Secteur gemaach ginn. D’Participatioun ass obligatoresch, soll awer e grad u Flexibiliséierung wat den Choix un Investitiounen ugeet mat sech bréngen. E Fong operéiert op der Basis vu Kapital Finanzéierung: en Employé sammelt zesumme mat sengem Employeur Rechter aus de bezuelte Contributiounen an de Rendement vum Fong iwwer d’Joren duerch d’kollektiv Investitioun vun dëse Contributiounen. Steiererlaabnes gëllen fir Investitiounsopbau bis zu engem gewëssen Akommesbezunnen Niveau.

Den But vun dëser Struktur ass fir op e Wuelstandssystem hinzeschaffen, bei der jiddereen zu all Zäitpunkt an senger Carrière weess wéivill hien/hat un Verméigen huet.

Den néien System erlaabt et den Wuelstandsplang ze maximiséieren. Et ass wichteg esou fréi ewéi méiglech an den Plang anzebezuelen (am beschten ab der Gebuert).

Phase 3: Maximiséieren vum Lëtzebuerger Wuelstandsplang

D’8,5-8,5-8,5 Reegel soll geännert ginn, an de Gesamtbetrag soll op d’mannst 3% Punkte erhéicht ginn:

  • En Deel vun der 8,5% staatlecher Contributioun soll, als Ëmverdeelung vun Steier Recetten, fir eng Mindesaltersvorsorge ze garantéieren benotzt ginn[1]
  • Haut gëtt et scho Steier Avantagë woubäi Employeuren zousätzlech 3 oder 4% (bis zum S1 Plaffong) an 8-12% (fir alles iwwer dem S1 Plaffong) an den (aktuellen) Pilier 3 abezuelen. Amplaz verschidde Produkter ënner verschiddene Pilier unzebidden, soll de Patron Bäitrag op min. 10% erhéicht ginn (mat weider Stéierureizer fir et weider ze erhéijen) an direkt an den (néien) Wuelstandsfong abezuelen
  • All Aarbechter soll e min. 10% perséinleche Bäitrag zu sengem eegene Plang maachen. Wéinst der Tatsaach datt dës Suen als Investitioun benotzt ginn, an net als Bezuelung fir aner Generatiounen, sollt dëst net kontrovers sinn, well et schlussendlech fir all Aarbechter profitabel ass.

Den aktuelle Pensiounssystem ass des weideren Ongerecht am Sënn datt déi real Contributiounen (inklusiv d’Rendemente) am Pensiounsfong bleiwen an datt nëmmen e Brochdeel vum Bäitrag un d’Rentner ausbezuelt gëtt. De richtege Bäitrag gëtt net berücksichtegt. Den Betrag den aktuell ausbezuelt gëtt guet duerch en onverständleche Set vu mathematesche Reegelen berechnet.

Fir den néien System ze stemmen, misst eng néi Administratioun gegrënnt ginn (an déi aktuell ofgeschaaft), mam Ziel fir den Wuelstand vun den Léit ze maximiséieren. Ideal wier wenn dëst en Engagement tëschen dem Privat- a Public Secteur wier an dofir suergen géif dat et professionell Léit ginn déi alles dofir maan dat den individuellen Wuelstand vun all Persoun zu Lëtzebuerg maximiséiert gëtt. Finanzexpertise z’entwéckelen an intensiv an nohalteg an d’Finanzeducatioun ze investéieren ass eng absolut Noutwendegkeet fir eng op Permanenz an Stabilitéit ausgeriicht Wirtschaft a Wuelstandssystem. Nëmmen wann d’Bierger fréi an duerchgaang e verlässlecht Verständnis fir Spueren, Investéieren, Risiko a laangfristeg Planung entwéckelen, kënne se informéiert Entscheedunge fir hir eegene finanziell Zukunft huelen. Eng seriö Finanzeducatioun däerf sech dobäi net op fakultativ Initiativen oder individuell Privilegie beschränken, mee muss breet zougänglech, strukturéiert an iwwer d’ganz berufflech Liewensphas integréiert sinn. Si ass net nëmmen en Instrument vun individueller Selbstverantwortung, mee och eng Grondlag fir d’Stäerkung vum soziale Zesummenhalt, d’Reduktioun vu Ongläichheeten an d’laangfristeg Tragfäegkeet vum ëffentleche System.


[1] D’Fro dierft erlaabt sinn, firwat de Lëtzebuerger Staat 8,5% fir all Aarbechter zum Pensiounssystem bäidréit. Wier et net méi logesch an intuitiv 17% vum Mataarbechter Gehalt ze huelen an d’Steierbelaaschtung vun all Mataarbechter mat dem selwechte Betrag ze reduzéieren, aplaz den Employé ze besteieren an en Deel vun dëse Steier Recetten ze benotzen fir de Pensiounssystem ze finanzéieren? De Grond ass relativ einfach: Steieren an Ëmverdeelung gëtt dem Staat méi Muecht fir Recetten ze verdeelen an Virdeeler un eng spezifesch Kategorie vu Steierzueler ze attribuéieren (duerch Ëmverdeelung a Stéierureizer). Dëst ass e flagrant Beispill wéi den aktuelle Pensiounssystem benotzt gëtt fir eng verstoppte sozial Verdeelungen ze maachen.

Related Articles

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

Back to top button