1-2-3 Soleil
1-2-3 Soleil
Fir Fokus huet sech inhaltlech wéineg beweegt am leschte Chamberjoer. Virun allem déi 2 Regierungsparteie spille bei de wichtegen Themen dat bekannte Kannerspill: do wou d’Ëffentlechkeet genau drop kuckt an héich Erwaardungen huet, gëtt sech net beweegt.
Fir Fokus musse weiderhin nei Weeër ageschloe gi fir d’Staatsfinanzen an d’Pensiounen dauerhaft ofzesécheren an d’Investissementer do héich ze hale, wou se gebraucht ginn, notamment am Beräich vun der Sozial- an Ëmwelt- respektiv der Klimapolitik. Dem Premier seng Formule, alles duerch Wuesstem ze finanzéiere, wäert nët opgoen a wäert vill Leit am Ree stoe loossen, déi haut schonn nët vum Wuesstem profitéieren, d’Land verloossen oder am Land just nach mat Méi kënne liewen. D’Land brauch nei Usätz, am Beräich vu gerechter Besteierung, gerechten Investissementer an der Fro, wéi d’Lëtzebuerger Gesellschaft sech an Zukunft weider entwéckelen an zesummenhale kann. Lëtzebuerg brauch eng Politik, déi d´Leit am Land hält an hinnen Zukunftsperspektive bidde kann, ob jonk oder al. Fokus huet an allen Themeberäicher couragéis an nohalteg Léisungen ausgeschafft a kommunizéiert. Des wäerte mir weider kommunizéieren an ausbauen.
Notamment och eng Kär-Fuerderung, déi mir schonn zanter eiser Grënnung vertrieden: déi vun engem biergerlechen Déngscht. Wei vill Leit am Land verspiere mir bei Fokus och d’Angscht dass d’Gesellschaft ëmmer méi ausernee fällt. D’biergerlech Wäerter an de Respekt vun dësen, den Zesummenhalt an der Gesellschaft, Perspektiven an eng zilorientéiert an realitéitsno Ausbildung fir Jonker kënne mat engem biergerlechen Déngscht ergänzt a verstäerkt ginn. Ee Land wéi Lëtzebuerg brauch Bierger, déi sech mat eise Wäerter identifizéieren, déi bereet a kapabel si, mat unzepaken, Leit an Nout zu hëllefen an ee vollwäertegen Deel si vun enger Gesellschaft, déi mei ass, wéi een Zännrad an engem Modell vun éiwegem Wirtschaftswuesstem.
Mir fuerderen an der Diskussioun ëm de gesellschaftlechen Zesummenhalt nei Impulser a méi Courage vun de Chambersparteien. D´Resultater vun de leschte Wale weisen, dass de westlëche Gesellschafts- a Wirtschaftsmodell nei Impulser brauch. Vill Parteie sinn am Laf vun de leschte Walen op eis Proposen opgesprongen oder hunn se positiv kommentéiert.
No de Walen, fale vill Aussoe, wéi sou oft, a Vergiessenheet. Fokus vergesst nët a gesäit sech um nationale Plang weiderhi bestäerkt, fir nieft de parlamentaresche Parteie reell a couragéis Léisungen ze bidden an deene villen Wielerstëmme gerecht ze ginn, déi eis am Oktober ënnerstëtzt hunn.
Lëtzebuerg, den 15. Juli 2024




