Mir iwwer éis

D’Alternativ mat Vernonft – well Verännerung méi brauch wéi Parollen.

Vill nennen sech „Alternativ“. Mir huelen dat eescht: Jo, et muss sech Grondsätzleches änneren – well d’Politik ze dacks diskutéiert, an ze wéineg decidéiert. Mee nëmme kritiséieren oder „de staarke Mann“ spille léist kee Problem. Richteg Verännerung geléngt nëmme mat kloren Ziler, konkrete Konzepter an enger laangfristeger Planung, déi och a fënnef oder zéng Joer nach dréit.

Mir sti fir eng wielbar Alternativ an der politescher Mëtt: couragéiert genuch, fir Decisiounen ze huelen – vernënfteg genuch, fir se propper ze begrënnen an ëmzesetzen.

FOKUS – Wann s du wëlls, datt sech wierklech eppes ännert.

De Prinzip Politik mat Vernonft

Politik ass kee Selbstzweck, mee en Déngscht fir de Wuel vun eis all. Mir setzen op Stabilitéit, Responsabilitéit an eng kloer Visioun fir d’Zukunft vu Lëtzebuerg.

Vertraue brauch Verlässlechkeet. Mir sti fir e staarke Rechtsstaat, dee bei Verstéiss konsequent a séier reagéiert. Biergerlecht Engagement gëtt dobäi ausdrécklech als wäertvolle Bäitrag unerkannt.

Back to top button