Eis Grondsaz-Programm

Mat Fokus wëlle mir d’Aart a Weis wéi Politik gemaach a vum Bierger erlieft gëtt nei definéieren an ëmsetzen. Mir verstinn de Bierger net just als ee Konsument. Biergerinnen a Bierger si responsabel Mënschen, déi an enger organiséierter Gesellschaft matenee liewen. Si selwer legitiméieren déi Reegelen, no der dës Gesellschaft funktionéiert. De blousse Verbrauch vu Gidder, Déngscht-leeschtungen a politesche Propositiounen definéiert si net.

Wat se definéiert, sinn hir Meenungen an Iwwerzeegungen, hire perséin-lechen a sozialen Asaz an hir Bereetschaft, Verantwortung ze iwwerhuele – fir sech a fir anerer. Duerfir wëlle mir all d’Bierger déi sech zu demokrateschen, liberalen, sozialen a reformorientéierte Wäerter an Iddie bekennen, uschwätzen an hinnen eng Plattform ginn a sinn.

Mir gesinn eng breet Participatioun un de politesche Prozesser als wichteg Grondviraussëtzung fir eng gelieften Integratioun. D’Gesellschaft vu Lëtzebuerg entwéckelt sech esou villschichteg an divers, datt mir mussen nei Grondlage fir Versteesdemech a Matenee schafen. Mateneen, net niefteneen.

Ab dem Waljoer 2023 wëlle mir duerch eng staark Positioun an der politescher Verantwortung de Reformstau evakuéieren, dee sech déi lëschte Joren ugesammelt huet a mat neie Leit, Iddien a Konzepter eist Land no virbréngen.

Fir eis Visioun ze realiséieren, siche mir zesumme mat de Biergerinnen a Bierger, no éierlechen an ausgeglachene Léisunge fir esou déi Erausfuerderungen unzegoen déi sech eisem Land stellen. Fir eis Ziler ëmzesetzen, wäerte mir ënnert anerem Fokus.lu als innovativ digital Plattform notzen.

Zu eise Wäerter zielen:

  • de Respekt vun der individueller Fräiheet, déi zesummegeet mat dem Respekt fir de Matbierger an der Eegeverantwortung;
  • d’Bewosstsinn ëm Verantwortung a Verflichtungen, déi den demokratesche Rechter a Fräiheeten zougeuerdent sinn;
  • de Schutz vum Eenzelen an der Allgemengheet duerch e Staat, deen effikass Moyenen huet, fir Recht duerchzesetzen;
  • d’Chancëgläichheet a Chancëgerechtegkeet fir jiddereen;
  • déi onwidderrufflech Verankerung vun eisem Land an der Europäescher Unioun, déi mir mat begrënnt hunn an duerch déi Lëtzebuerger Souveränitéit eréischt ee moderne Sënn kritt.

Biergerlech Wäerter ze promouvéiere bedeit och de Staat an d’Verantwortung ze huele fir sengen Aufgaben a senger Bestëmmung gerecht ze ginn. Duerfir muss d’Politik un all Biergerin an un all Bierger intresséiert sinn. Si muss dat och mat enger klorer Usprooch däitlech maachen. Autoritéit gëtt et an enger demokratescher Gesellschaft net fir näischt an net vum selwen. Si muss an eisen Aen erschafft a legitiméiert ginn a bleiwen : duerch Éierlechkeet, Kompetenz a gesonde Mënscheverstand.

D’Pandemie huet d’Stäerkten awer och d’Schwächte vun eiser Gesellschaft däitlech gewisen. Den onermiddlechen Asaz vun enger grousser Majoritéit vun der Gesellschaft war eng wichteg Grondviraussetzung fir duerch d’Pandemie ze kommen. Ouni si wier et net méiglech gewiescht fir de Gesondheetssystem an de Schoulsystem um Lafen ze halen. Ouni si wier et net méiglech gewiescht Recht an Uerdnung ze garantéieren. Ouni si wier d’Versuergung mat wichtege Gidder net garantéiert gewiescht. Et ass deen Asaz an déi Solidaritéit mat der mir och zukünfteg Krise wäerte meeschteren.

Op Basis vun dëse Wäerter muss eis Gesellschaft nees zesummewuessen.

Mir erkennen eng däitlech Noutwennegkeet d’Gesellschaft nees beieneen ze bréngen, d’Grief déi entstane sinn nees zouze-maachen an zesummen déi Erausfuer-derungen unzegoen, déi op eist Land an op Europa waarden.

Dozou gehéieren ënnert anerem de Klimawandel, d’Wunnen an d’Liewen zu Lëtzebuerg, de Wuelbefannen an d’Zukunftschance vun onse Kanner, d’Mobilitéit an d’Präisdeierecht.

Mir stelle fest, datt eng sëllege politesch Skandaler vill Vertrauen an d’Politiker an allgemeng an d’Politik kascht hunn an sech vill Leit eng aner Aart a Weis wënschen, wéi Politik gemaach a kommunizéiert gëtt. Ideologesch Konfrontatioune maachen déi politesch Debatt ëmmer méi steril. D’Parteien orientéieren ëmmer méi hir Programmer nom geréngsten elektorale Widderstand.

Si brénge kaum nach robust Propositioune fäerdeg, mat deenen d’Wierklechkeet kéint positiv verännert ginn, mee erginn sech an der Verwaltung vun de bekannte Probleemer a Schwieregkeeten. Eis Politik stäipt sech op wëssenschaftlech Erkenntnisser fir déi richteg Entschee-dungen ze huelen.

Mir sinn ëmmer bereet, nei Erkenntnesser an eis Iwwerleeunge mat eranzehuelen an eis Positiounen nei auszeriichten. Duerfir schafe mir thematesch Aarbechtsgruppen, déi op si fir Fachleit vu baussen an déi ee grousst Gewiicht hunn beim Ausschaffe vun onse Positiounen. Duerfir schafe mir och eng Internetplattform, déi souwuel d’Argumenter vu Membere wéi vun Net-Memberen zesummebréngt. Zousätzlech sollen eis Positiounen an de Wee zu deene Positiounen transparent novollzéibar sinn.

D’Unerkennung an d‘Fërderung vum biergerlechen Engagement ass e Grondsaz vun onser Partei, si bedeit fir ons d’Solidargemeinschaften op alle Niveauen ze ënnerstëtzen an esou hire Wäert unzë-erkennen. Fir Zesummenhalt ze stäerken tëschent allen Awunner vum Land ass nieft de biergerleche Wäerter an dem Engage-ment, den Dialog mat alle Bierger zu Lëtzebuerg een zentraalt Uleies.

Mir leeën duerfir de Fokus op een strukturéierte Biergerdialog. Deen Dialog soll derzou féieren, datt d’Awunner vum Land, déi all Deeler vun der Gesellschaft vertrieden, der institutioneller Politik kënne Proposen an Ureegunge mat op de Wee ginn, déi dann och vun den Institutioune musse behandelt ginn.

An der nämmlechter Optik wëlle mir bei de Gemengewalen op deene Plaze wou et sech ubitt hëllefen oppe Biergerlëschten op d’Been ze stellen. Mir wëllen den engagéierte Bierger d’Méiglechkeet ginn, sech fir hir Gemeng anzesetzen, ouni enger strikter Ideologie oder Partei mussen unzegehéieren. Politescht Engagement soll also och ouni Parteikaart méiglech sinn. Mir wäerten hëllefen, datt dat a méiglechst ville Gemengen de Fall ass.

Fir eis stinn d’politesch Parteien an der Verantwortung sech vun ale Fesselen ze léisen an de Bierger politesch matanze-bezéien. An deem Sënn wäerten och d’Iwwertrieden an eis Partei propper an transparent oflafen. Een politescht Mandat gehéiert der Partei, fir déi een ugetrueden ass a soll nees un déi Partei zeréckgoen, wann een austrëtt oder iwwertrëtt. Mir wëllen hei mam gudde Beispill virgoen.

Mir stelle fest, datt eng sëllege politesch Skandaler vill Vertrauen an d’Politiker an allgemeng an d’Politik kascht hunn an sech vill Leit eng aner Aart a Weis wënschen, wéi Politik gemaach a kommunizéiert gëtt.

Mir erkennen eng eng däitlech Noutwennegkeet, d’Gesellschaft nees beieneen ze bréngen, Grief déi entstane sinn nees zouzemaachen an zesummen déi Erausfuerderungen unzegoen, déi op onst Land an op Europa waarden. Dozou gehéieren ënnert anerem de Klima-wandel, d’Wunnen an d’Liewen zu Lëtzebuerg, de Bien-être an d’Zukunfts-chance vun onse Kanner, d’Mobilitéit an d’Präisdeierecht.

D’Unerkennung an d’Fërderung vum biergerlechen Engagement ass e Grondsaz vun onser Partei, si bedeit fir ons d’Solidar-gemeinschaften op alle Niveauen ze ënner-stëtzen an esou hire Wäert unzëerkennen. Mir wëllen esou beispillsweis d’Veräiner an d’Associatioune fërderen, déi duerch hiert Engagement ee wichtegt Element si fir de sozialen Zesummenhalt.

De Benevolat muss eng méi grouss Attrak-tivitéit kréien, duerch ee längst iwwerfälleg Kadergesetz. Fräiwëllegt Engagement, als jonke Mënsch oder och méi spéit am Léiwen, am Déngscht vun der Allgemengheet wëlle mir fërderen an ausbauen. Dësen Déngscht soll deem, deen e mécht, net just Unerkennung, mee och konkret sozial Virdeeler bréngen.

E soll virun allem Jonker vun iwwerall am Land a vun alle perséinleche Liewens-realitéiten an Hannergrënn d’Méiglechkeet ginn, sech mat aneren zesumme fir wichteg Uleies anzesetzen : vum Schutz vun der Ëmwelt an d’Ënnerstëtzung vun eelere Leit iwwer Hëllef fir Clibb an Associatiounen an d’Entwécklungszesummenaarbecht bis zur Arméi.

D’Familljen sinn eng wichteg Basis vun onser Gesellschaft a mir wëllen hinnen d’Wiel iwwerloosse wéi si sech organi-séieren. Nieft der gratis Kannerbetreiung an de Servicer déi vum Staat ugebuede gi, fir Aarbecht a Famill ënnert een Hutt ze bréngen, wëlle mir Elteren, déi méi Zäit wëlle mat hire Kanner verbréngen, d’Méiglechkeet ginn, dat och nach nom Congé parental ze maachen. Fir datt eppes ee Choix ka sinn, fir eng kuerz oder eng méi laang Zäit, muss endlech séchergestallt ginn, datt doduerch Sozialversécherungs-Karriären net ënner-brach ginn.

Da stellt sech d’grondsätzlech d’Fro, ob een sech d’Familljeliewen nach leeschte kann, wa just een Elterendeel ee reegelméissege Revenu huet. An der Praxis hu vill Elteren keng Méiglech-keet méi ee Choix ze treffen wann et drëms geet wéi ee Beruffs- a Familljeiewe ka kombinéieren. D’Offer vun enger qualitativ héichwäerteger Kannerbetreiung ausserhalb vun dem familiäre Kader muss erhalen an ausgebaut ginn. De Choix awer, dës Betreiung och selwer ze organiséieren, dierf vun der Politik net als e mannerwäerteg Choix ugekuckt ginn a muss besser definéiert an encadréiert ginn.

D’Kulturschafend hunn wärend der Pandemie vill gelidden. Mir hunn awer gesi wéi wichteg hir Leeschtungen an eiser Gesellschaft sinn. Si weider ugepasst ze fërderen ass e wichtegt Uleies vun eiser Partei. Eng liberal Gesellschaft ass ouni kulturellt Liewen a Schaffen net denkbar. Kreativ Leeschtung gehéiert valoriséiert an als integrale Bestanddeel vun eiser Liewensweis vermëttelt.

D’santitär Krisen huet gewisen, datt Lëtzebuerg e groussen Nohuelbedarf huet wat Investissementer an d’Gesondheets-wiesen uginn. Donieft feelt et um néidege gesetzleche Kader, fir zukünfteg méi schnell en effikass op Pandemië kënnen ze reagéieren. D’Ausbildung an d’Attraktivitéit vun de Gesondheetsberuffer mussen den Erausfuerderungen ugepasst ginn.

Op ville Platzen, wéi zum Beispill an der Maternité oder der Geriatrie, si Besoinen déi de Wuesstem vun der Bevëlkerung mat sech bréngen, deels elo scho méi grouss wéi d’Offer. Mir mussen ons eens sinn, datt een effikasse Gesondheetssecteur och seng Käschten huet an de Bevëlkerungswuesstem d’Besoinen an d’Ufuerderunge weider verstäerkt. Grouss medezinesch Instrumenter sollen do, an ausräichender Zuel, opgeriicht ginn, wou d’Patienten op beschtméiglech Manéier hikommen.

D’Präventioun vu psycheschen a physesche Krankheeten an déi domat verbonnen Opklärungsaarbecht ass ze verstäerken. Schliisslech gëllt et d’Acteuren aus dem Gesondheetssecteur méi aktiv an d’Diskussiounen an an d’Decisiounen anzebannen.

D’Politik bléift responsabel fir déi néideg Weechen ze stellen, déi lescht Joer hunn awer och gewisen, wéi wichteg de wëssen-schaftlechen Dialog an Austausch ass.

D’Schoulpolitik ass an de leschte Joren zum Dauerchantier verkomm, an deem méi Grief opgemaach goufen, wéi der zougeschëppt konnte ginn. D’Educatioun ass zwar eng permanent Erausfuerderung fir hir Acteuren, mee si däerf net zu engem éiwege Schantje ginn, op deem déi eng net méi wëssen, wat déi aner eigentlech wëllen.

Schoulpolitik bedeit virun allem och eng intakt Kommunikatioun mat den Acteuren. Den Dialog nees am Vertrauen opzebauen, mam kloren Optrag de Schoulsystem esou opzestellen, datt verantwortungsbewosst a gutt ausgebilte jonk Leit d’Schoul verloosse kënnen ass eng Prioritéit.

Mir bekennen eis zur allgemeng verbindlecher ëffentlecher Schoul zu Lëtzebuerg. Mir wëllen der Privatiséierung vun der Schouloffer an dem Schafe vun engem Ëmfeld wou d’Schoulen a Konkurrenz zouenee stinn entgéintwierken. D’Kooperatioun vun allen Acteure muss verbessert gi fir eng ëffentlech Schoul an der jidderee vu kleng op säi Wee maache kann ouni sech an engem Potpourri vun Bewäer-tungsmethoden a Programmer ze verléieren. Dës Schoul sollen d’Schüler zu Lëtzebuerg kënnen an 12 Joer duerchlafen.

Mir gesinn d’Digitaliséierung als eng Realitéit un, erkennen awer och déi vill Probleemer déi eng iwwerméisseg a schlecht encadréiert Digitaliséierung an de Schoule mat sech bréngt. De Kader duerfir, wéi fir déi gesamt Schoul-politik muss kloer a verständlech definéiert ginn.

D’Handwierkerausbildung huet duerch vill Reforme gelidden, ouni datt d’Ausbildung an de Beruff vum Handwierker markant valo-riséiert goufen. Dës Ausbildung brauch e kloren Kader, deen sech um Leeschtungsprinzip orientéiert an net eng Sortie ass, fir Jonker déi soss d’Hoffnung am Bildungssystem verluer hunn.

D’Handwierk muss sech lounen, muss als Beruff erstriewenswäert sinn an an der Schoul entspriechend promouvéiert ginn. Mir wëllen ewech vun enger Logik, an der de Secondaire ëmmer méi just nach zukünfteg Studenten ausbilt.

D’Universitéit verdéngt weider eng staark Ënnerstëtzung fir d’Ausbildung an d’Fuerschung. D’Abanne vun eise Betriber muss weider entwéckelt gi fir datt si méi einfach wéi bis elo vun de Resultater aus der Fuerschung profitéiere kënnen. Eis Kollaboratioun mat internationalen Universitéite muss weider ausgebaut ginn, genausou muss d’Wunnengsoffer fir Studenten an Doktorande verbessert ginn. All Ausbildung muss, niewent dem rengen Interêt, deen se inhaltlech huet, e novoll-zéibaart Ziel verfollegen. Dëst Ziel gëtt awer, wann iwwerhaapt, ëmmer méi spéit erreecht. Mir stelle grondsätzlech a Fro, datt ee Mënsch net méi viru sengem 30. Gebuertsdag soll um Aarbechtsmaart asazfäeg sinn, well déi akademesch Industrie hie bis dohinner vun engem Diplom an deen anere weiderreecht. Nieft der Onsënnegkeet vun ëmmer méi laange Studie fir jiddereen ass dëst fir de soziale Sécherungssystem net dauerhaft leeschtbar.

Mir wëllen eng nei Besteierung vun Aarbecht a Kapital fir esou d’Steierlaascht méi gerecht ze verdeelen. D’Steierreform vun 2017 huet verschidde gutt a wichteg Akzenter gesat, mee eng weider Reform, déi der Präisdeierecht Rechnung dréit, ökologesch Akzenter setzt an Ongerechtegkeeten, déi säit ville Joren existéieren, aus der Welt raumt, gouf awer verpasst.

Mir wëllen eng nei Steierlandschaft an der net d’Bestietnis mee d’Unzuel vun de Persounen déi en charge sinn iwwert d’Steierlaascht entscheet. Persoune à charge si Kanner, awer och eeler Leit, déi doheem betreit ginn. Eng Trennung oder den Doud vun engem Partner solle keen Afloss méi op déi indivi-duell Besteierung hunn.

Eng nei Steierlandschaft brauch kloer ekologesch Akzenter. Mee si däerf net einfach duerch ekologesch a klimapolitesch Noutwennegkeeten zu méi Besteierung féieren, am Géigendeel: ee responsabelt Verhale soll derzou féieren, datt déi gesamt Steierlaascht erof geet.

Mir wëllen den administrativen Opwand zu de Sozialleeschtungen vereinfachen an esou sécherstellen, datt déi Bierger déi Hëllef brauchen, si och kréien.

Nieft enger allgemenger Steierreform besteet och een dréngende Besoin d’Grondsteier ze reforméieren. De Prinzip senge Kanner dierfe Bauland ze verierwe steet net zur Diskussioun. Dem Ausmooss, an deem verschidde grouss Proprietäre Bauland fir spekulativ Zwecker sammele, muss awer mat enger entspriechender substantieller Steier Rechnung gedroe ginn.

Den Index muss reforméiert gi well hie sozial ongerecht ass, eng Indextranche bréngt deenen ënneschten Akommes net besonnesch vill. Wëll d’Steiertabelle säit 1996 net méi un d’Inflatioun ugepasst gi sinn, rutschen bei all Indextranche, ëmmer méi Bierger a méi héich Steiertranchen eran, a kréien ëmmer manner vun dem eigentleche finanziellen Ausgleich. Dem Sozialdialog kënnt zu Lëtzebuerg eng besonnesch Bedeitung zou. Mir bekennen ons zu der Wichtegkeet vun engem reegelméissegen Dialog mat de Sozialpartner. Dëse soll net wéi an der Vergaangenheet zu engem Scheindialog verkommen, mee gemeinsam Léisungen ervirbréngen, fir déi akut Probleemer déi sech stellen ze meeschteren.

De Respekt vun der Ëmwelt an d’Erhale vun de Liewensgrondlage vun all Mënsch op dësem Planéit sinn zentral Punkte vun eiser Politik. Mir mussen de Klimawandel esou staark bremse wéi méiglech an eis Gesellschaft op der anerer Säit op grouss Changementer virbereeden. Net just am Transport, mee och an der Aarbechtswelt an an der Aart a Weis, wéi mir Energie produzéieren a konsuméieren.

Oppenheet fir Technologien ass dobäi fir eis dee beschten Ureiz fir Innovatioun a wëssenschaftleche Fortschrëtt, un deem Dausende Leit a Betriber all Dag schaffen. Mir wëllen den héijen Resourceverbrauch deen eis Land huet progressiv méi konse-quent eroffueren, andeems mir dem Bierger konkret Ureizer ginn sech a säi Konsum an deem Sënn ze änneren.

Och de Staat an d’Gemenge mussen däitlech méi Efforte maache fir de Ver-brauch un Energie an Drénkwaasser bei sech selwer ze reduzéieren. Mir brauchen doriwwer eraus och endlech ee Bewosstsinn duerfir, datt elektresche Stroum net aus der Steckdous kënnt, mee muss produzéiert an transportéiert ginn, éier hie ka benotzt ginn.

Déi weider Elektrifizéierung vun der Wirtschaft an der Mobilitéit begleede mir mat enger positiver Astellung, awer ouni d’Realitéiten aus den Aen ze verléieren.

D’Schafe vun enger Waasserstoffwirtschaft gëtt ëmmer méi zur absolutter Noutwenneg-keet. Vun der Mobilitéit an dem Transport bis zur Schwéierindustrie bitt Waasserstoff d’Méig-lechkeet, sech ouni schiedlech Emissiounen ze beweegen, ze hëtzen, an ze produzéieren. Waasserstoff kann zur néideger Energie-Onofhängegkeet vun eisem Kontinent an eisem Land bäidroen.

Och de Lëtzebuerger Pavillon maritime kann a soll zu engem Fërderinstrument fir Waasserstoff an der Schëfffaart ginn. Lëtzebuerg kann a soll sech mat un d’Spëtzt vun der internationaler Entwécklung hin zu enger Ekonomie stellen, déi grénge Waasserstoff als eng Haaptressource benotzt.

Et ass keng Optioun méi, an der Ofhängeg-keet vu Fournisseure vu fossillen Energie-träger ze bleiwen. Mir waren eis am Ufank vun der Pandemie all eens: Europa allgemeng a Lëtzebuerg am besonnesche produzéiere net méi genuch selwer.

Eng regelrecht Industripolitik ass duerfir en absolutte Muss. Dat brauch Planung, Innovatiounswëllen a Risikobereetschaft, well déi industriell Konkurrenz weltwäit keen einfache Kader fir Betriber zu Lëtzebuerg ass. An et brauch virun allem de politesche Wëllen, fir an eisem PIB och nees en anstännegen Undeel Industrie hunn.

Mir féieren zu Lëtzebuerg zënter laange Joren eng Diskussioun iwwer Wuesstem, wéi wann een dee kéint präzis steieren. Dat geet net. Gläichzäiteg ass awer och kloer : onbegrenzt wuesse ka Lëtzebuerg net. Duerfir musse mir anescht wuessen.

All Joer iwwer 10.000 Mënschen zu Lëtzebuerg nei opzehuelen, ka keng laang-fristeg haltbar Realitéit sinn. Déi enorm Belaaschtung um Wunnengs-maart, am Transport, an de Schoulen, mee och fir Verwaltung, Police a Geriichter, kann net dauerhaft a gläichem Ausmooss gemeeschtert ginn. Duerfir musse mir iwwer déi wirtschaft-lech Entwécklung an d’Groussregioun no-denken. Gemeinsam Aktivitéitszone baussent de Grenze vu Lëtzebuerg, déi do Innovatioun, Produktioun an d’Schafung vun Aarbechts-plaze garantéieren, wieren eng gutt Optioun. Vun dësen Zone solle Lëtzebuerg a seng Nopeschlänner a gläichem Mooss profitéieren.

Mir wëllen den ongebremste Wuesstem mat all sengen negative Konsequenzen, wéi héijen Drock am Wunnengsmaart an am Trafic, an de Grëff kréien. Duerfir brauche mir ee Konzept vu wirtschaftlecher Entwécklung fir eis ganz Groussregioun. Eng wierklech territorial Neiuerdnung vum Land, mat méi staarken an handlungsfäege Gemengen am Respekt vu landes-planereschen Noutwennegkeeten ass donieft net just néideg, mee drénglech. Nëmmen esou kënne mir och endlech de Probleem vum Logement an de Grëff kréien.

Innovativ Forme vu Bauen, Besëtzen a Wunne sinn noutwenneg, an zwar ouni ze waarden. Duerfir brauch ee Flächen, a besonnesch de Wëlle fir d‘Wunnen als e Grondrecht ëmzesetzen. Mir wëllen d’Käschten vum Kaf a Verkaf vun der Familljewunneng staark reduzéieren an esou zu der administrativer Verein-fachung bäidroen.

Den droit d’enregistrement op Wunnhaiser an Appartementer, an deenen de Propriétaire wëllt wunnen, wëlle mir ofschafen. Domat soll d’Acquisitioun vum private Logement ëm sechs Prozent méi bëlleg ginn. Dat selwecht wëlle mir als Fërder-instrument fir lokativ Logementer asetzen : wien esou Logementer baut, soll vum droit d’enregistrement befreit ginn.

Simplification administrative a méi schnell Prozeduren goufe jorelaang als Prioritéit ugekënnegt. Passéiert ass an deem Beräich ëmmer nach vill ze wéineg. Mir wëlle keng Erklärunge méi héiere firwat et net besser a méi séier geet, mee Léisunge fannen, fir datt et méi séier geet. Schliisslech gëllt et och d’Acteuren aus dem Bausecteur méi aktiv an d’Diskussiounen anzebannen. D’Vergaangenheet huet gewisen, datt d’Politik bis elo kee Wëllen hat dës bestoend Expertise mat anzebannen, wat nieft de schwéierfällege Prozeduren zu weiderer Frustratioun baïgedroen huet a fir d’Leistung vun de bestoende Probleemer sécherlech net fërderlëch ass.

Méi effikass Gemengen bedeit och d’Politik op Gemengenniveau méi ze professiona-liséieren. D’Roll vum Buergermeeschter, seng Disponibilitéit fir de Bierger a säin Afloss op national Politik als Gemengemamm oder Gemengepapp muss opgewäert ginn. Gläichzäiteg ass keng Platz fir duebel Mandater.

Op der anerer Säit verlaange mir och méi Transparenz bei all Form vu Revenuen an der nationaler Politik. Engem Minister seng Pai ass ëffentlech bekannt a novollzéibar, an der Chamber ginn awer quasi esou vill verschidde Paien ewéi Deputéierter. Dat wëlle mir duerch d’Aféiere vun enger eenheetlecher Remuneratioun vun allen Deputéierten ersetzen, déi hirer Verant-wortung fir d’Land entsprécht an esou besteiert gëtt, wéi all aner Pai am Land och.

Doniewent sollen all wirtschaftlech a sozial Intresse vun den Deputéierten ëffentlech zougänglech opgelëscht sinn an d’Héicht vun de Niewenakommes mat verstänneger Prezisioun bekannt ginn. Fir Ministeren an Deputéierte soll pro Joer ee bestëmmte Prozentsaz vun der Remuneratioun als Pensiounsberechtegung ufalen. Dat erlaabt et, vill Cumul- an Anti-Cumul-Bestëmmungen ofzeschafen, an de Politiker eng kloer Pensiounsperspektiv ze ginn.

Mir wëllen de Staatsdéngscht méi effikass maachen ouni datt seng Käschten iwwer-méisseg wuessen an ouni op sengen Déngschtleeschtungen ze spueren. D’Digitaliséierung muss konsequent ugepaakt ginn, an dem Bierger e reellen Avantage bréngen.

Mir sinn der Iwwerzeegung, datt Reformen mat der Fonction publique gemaach gi mussen a net géint si, fir esou der wichteger Roll vum Staatsdéngscht gerecht ze ginn an d’Effikassitéit vun de Servicer weider verbesseren. Dozou wëlle mir an den Dialog mat de Vertriedungsstrukture vum ëffentlechen Déngscht kommen.

De Rechtsstaat muss méi effikass Mëttel kréie fir Recht ze schwätzen an duerch-zesetzen. D’Karriär vum Polizist muss a Punkto Ausbildung, Unerkennung a Rénumératioun den Erausfuerderungen um Terrain gerecht ginn, a Poliziste musse Polizeiaarbecht maachen a net stänneg Rapporte schreiwen. Donieft besteet e grousse Besoin adminis-trativ Hürden ofzeschafen an d’Gerichter personell esou opzestellen, datt d’Recht méi schnell ka gesprach ginn.

Zum Rechtsstaat gehéiert och a virun allem : wien déi ëffentlech Uerdnung a Gefor brengt, muss bestrooft ginn. Duerfir brauch ee kee Manifestatiounsgesetz, mee déi resolut Ëmsetzung vun den aktuelle gesetzleche Méiglechkeeten. Leit, déi ëffentlech zu Mord a Kierperverlet-zung opruffen, déi bei Demonstratiounen aner Mënsche physesch a Gefor bréngen a Polizisten attackéieren, stellen de Staat a säi Gewaltmonopol a Fro. Dat ass inakzeptabel a gehéiert konsequent an an all Fall bestrooft.

Eis Gesellschaft ass divers a villschichteg. Si ass zousätzlech geplot, wéi vill aner Gesell-schaften och, vu Skepsis géigeniwwer den Institutiounen, der Zirkulatioun vu Fake News an enger Frakturéirung, der derzou féiert, datt vill Mënschen sech net méi an hirem Staat a sengen Institutiounen erëmfannen. Dësen Zoustand kënnen an däerfe mir net akzeptéieren.

Genee esou wéineg wéi déi zouhuelend Gewaltbereetschaft an eng bestänneg Afrostellung vun all Form vun Autoritéit.

Fir Zesummenhalt ze stäerken, tëschent allen Awunner vum Land, wëlle mir ee strukturéierte Biergerdialog aféieren, un deem all Resident vu 16 Joer u kann deel-huelen, wann e vum Lous bestëmmt gëtt. Deen Dialog soll derzou féieren, datt d’Awunner vum Land, déi d’Lous auswielt an déi duerfir all Deeler vun der Gesellschaft vertrieden, der institutioneller Politik kënne Proposen an Ureegunge mat op de Wee ginn, déi dann och vun den Institutioune musse behandelt ginn. Dëse Prinzip huet a ville Länner schonn zu Gesetz- a Verfassungsreforme gefouert, déi duerno eng ganz breet gesellschaftlech Unerkennung haten.

Mir gesinn eist Land als eng staark Stëmm an engem staarken Europa, dat net nëmmen ekonomesch zesummesteet mä och op dem soziale Plang zesummewiisst, a sech a seng Wäerter gläichzäiteg no bausse verdeedege kann. Europa als wichtegen Acteur op der Weltbün ze etabléieren, fir datt mir vun der Handels- bis zur Klimapolitik eis Virstellunge kënnen duerchsetzen, ass a bleift eis grouss Uleies an der globaliséierter Welt.

Eis Entwécklungspolitik muss staark op Wëssenstransfer a wierklech wirtschaftlech Entwécklung setzen. Déi karitativ Approche vu fréier ass haut net méi zilféirend. D’Bekämpfung vun der Aarmut geléngt nëmmen, wa Staaten handlungsfäeg sinn. Si mussen an d’Lag versat ginn, Industrie an Déngschleeschtungswirtschaft opzebauen an ze formaliséieren, Geldtransferten offiziell an iwwer Banken ofwéckelen ze loossen, esou Steiere kënnen ze erhiewen an ee Budget opzestellen, mat deem sozial Ëmverdeelung méiglech gëtt.

An all dësen Domainer ka Lëtzebuerg e staarken a kompetente Partner sinn. Mee mir sollten eis mat eise Méiglechkeete weider op eng begrenzten Zuel vu Partnerlänner fokusséieren, an deenen déi Lëtzebuerger Kooperatioun wierklech een Ënnerscheed mécht. Dat geet awer och an Zesummenaarbecht mat aneren europäesche Staaten, fir bestëmmten Ziler gemeinsam ze erreechen.

Diktatorial Herrschaftsformen, ganz no un Europa, stellen eng konkret a reell Gefor fir Fridden, Wuelstand an eis Liewensweis duer, der mir eis musse resolut entgéintstellen. Déi fräiheetlech Gesellschaftsuerdnung, déi mir wëllen, muss verdeedegt ginn – och mat militäresche Mëttelen, wann dat néideg ass.

Duerfir brauche mir ee Verdeedegungs-budget, dee substanziell erhéicht gëtt, an der Lëtzebuerger Arméi Leeschtungen erlaabt, déi se grad an internationalen Asätz onverzichtbar maachen. Dat brauch entspriechend Investissementer an Infrastruktur, Material a Formatioun. D’Zäite vun der gefillter Irrelevanz vun de Männer a Fraen an Uniform sinn eriwwer.

Ouni performant Arméie steet Europa senge Géigner vis-à-vis plakeg do ! Nëmme staark an asazfäeg Arméie garantéieren, datt Europa net Affer vu engem soft power gëtt, deen an enger globaler Ausenanersetzung tëschent Muechten, déi Krich wëllen, ënner-geet. Grad a besonnesch an eiser direkter Noper-schaft kann an däerf et net méi sinn, datt Drëttlänner, ouni europäesch Legitimatioun, militäresch Operatiounen ënnerhuelen, ënner deenen hire Konsequenzen Europa ze leiden huet.

Dat kënnen Europäer selwer, dat mussen Europäer selwer leeschten !

Zu Lëtzebuerg an an Europa goufe Probleemer vill ze laang schleefe gelooss. Mir wëllen de Fokus leeën op d‘Erausfuederungen déi an dësem Grondsazprogramm opgezielt sinn an op all aktuell Entwécklungen, déi no couragéierten an innovative Léisunge froen.

Dat am Aklang mat de Wäerter an den Ziler déi Fokus no bannen an no bausse vertrëtt. Fir eng Gesellschaft an der de sozial-, ëmwelt a generatiounsgerechte Matenee grouss geschriwwe gëtt.

Back to top button