Dat deierst Doheem an Europa
Dat deierst Doheem an Europa

Dat deierst Doheem an Europa
Wunnengskris? Haaptsaach, de Balkon ass fotogen.
Eis Politiker hunn Balkonen gär – virun allem déi, déi sech hervorragend fir eng Foto eegnen. Nei Projete ginn houfreg presentéiert, frësch gebaut, mat genuch Plaz, fir datt e puer Ministeren gläichzäiteg drop stoe kënnen an an d’Kamerae laachen. Dës Projete ginn dann als eng grouss Innovatioun fir d’Zukunft vum Wunnen verkaaft. Mëttlerweil bleift VEFA d’Schlagwuert vun der Stonn – Wunnengen, déi op Pläng existéieren an a Broschüre glänzen. Familljen a jonk Leit dogéint sichen ëmmer nach no eppes vill méi Banales: eng bezuelbar Wunneng. Vill fannen se um Enn net zu Lëtzebuerg, mee op där anerer Säit vun der Grenz.
Den rakéitenaartegen Héichfluch vun den Immobiliepräisser zu Lëtzebuerg
D’Zuele verzielen eng einfach Geschicht – an déi ass erstaunlech konsequent.
- 2010 huet eng duerchschnëttlech 80-m²-Wunneng zu Lëtzebuerg ronn 320.000 € kascht.
- 2015 waren et schonn ongeféier 480.000 €.
- 2020 louch de Präis bei ronn 720.000 €.
- 2024 läit een bei ongeféier 770.000 € – dacks och däitlech driwwer.
An anere Wierder: A knapp annerhallwem Joerzéngt huet sech de Präis vun enger duerchschnëttlecher Wunneng méi wéi verduebelt.
Wien deemools kaaft huet, huet haut eng exzellent Investitioun. Wien haut kafe wëll, brauch virun allem eng exzellent Bank.
Politesch gesinn ass dës Entwécklung och bemierkenswäert stabil. Iwwer grouss Deeler vun där Zäit stounge virun allem Ministere vun der CSV oder der DP um Rudder vun der Wunnengspolitik. Regierunge koumen a goungen, Koalitiounen hu geännert, Programmer goufe virgestallt – mee eppes ass konstant bliwwen: de Präis ass geklommen.
Dat weist op eng besonnesch Stäerkt vun der lëtzebuergescher Politik hin: Kuerzfristegt Denken mat laangfristeg beandrockende Resultater. Wärend d’Präisser pro Quadratmeter ëmmer méi héich klammen, bleift déi politesch Rhetorik erstaunlech onverännert. Zënter Joerzéngte héiert een zouverlässeg dee selwechte Saz, a bal identeschem Tounfall: „Mir wäerte bezuelbare Wunnraum schafen.“
Dëse Saz taucht reegelméisseg op – a Wahlprogrammer, Pressekonferenzen a parlamentareschen Debatten. Et kéint ee bal mengen, e géif zur nationaler Traditioun gehéieren, esou wéi den Nationalfeierdag oder d’Schueberfouer.
Den Ënnerscheed ass nëmmen: Wärend d’Fouer all Joer tatsächlech opgebaut gëtt, schéngt den zousoë bezuelbare Wunnraum weiderhin iergendwou tëscht Konzeptpabeier, Strategieplang a Presentatiounsfolie ze wunnen.
VEFA – Lëtzebuerg säi modernste Wunnkonzept: Fir d’éischt de Kredit, duerno d’Baustell.
VEFA – Vente en état futur d’achèvement – kléngt gutt, bal berouegend. Iwwersat heescht dat, wat esou berouegend kléngt: Et gëtt eng Wunneng kaaft, déi et nach guer net gëtt. Eng elegant Léisung mat vill Geforpotenzial.
E Projet gëtt a glanzvolle Prospekter virgestallt. Dobäi kommen héichwäerteg Visualisatiounen, perfekt ugeluechte Gréngflächen a grouss Balkonen. D’Keefer ënnerschreiwen de Kontrakt, d’Banke stellen de Kredit bereet – an de Bezuelungsplang setzt an.
Dëse Bezuelungsplang ass präzis gereegelt. Bei VEFA gëtt de Kafpräis schrëttweis, jee no Baufortschrëtt, bezuelt. Schonn am Ufank kënne bis zu 20 % vum Kafpräis fälleg ginn, méi spéit kommen nach weider Tranchen dobäi – zum Beispill 15 % beim Réibau, 20 % fir den Daach an d’Fassad – bis um Enn ronn 95 % vum Gesamtpräis iwwerwise sinn, laang ier d’Wunneng tatsächlech fäerdeg ass.
Fir d’Keefer bedeit dat: Si bezuele schonn fir eng Wunneng, während si dacks nach Loyer fir hir aktuell Wunneng iwwerweisen. Op engem Marché, op deem eng duerchschnëttlech 80-m²-Wunneng mëttlerweil ronn 770.000 € oder méi kascht, kënnen dës Bezuelungsphasen séier e puer honnertdausend Euro ausmaachen.
An da fänkt deen Deel vum Modell un, deen an de glanzvolle Broschüren seelen ernimmt gëtt: Bauverspéidungen. Steigend Baukäschten. Finanzéierungsproblemer. An e puer Fäll souguer Faillitte vu Promoteuren, bei deenen d’Projeten op eemol stëllstinn an d’Keefer Jore laang op Kloerheet waarden.
D’Resultat ass eng bemierkenswäert Risikoverdeelung:
- D’Keefer droen den Projet- an den Zäitrisiko.
- D’Banke kasséieren zouverlässeg hir Zënsen.
- Wärend d’Promoteure weiderhin nei Projeten ukënnegen.
Esou entsteet en Immobiliemodell, bei deem villes onsécher ka sinn – Bauzäit, Fäerdegstellung, Marchépräisser. Nëmmen eng Saach funktionéiert mat beandrockender Prezisioun: de Bezuelungsplang.
Fäerdegstellungsgarantie – Wann Sécherheet virun allem Zäit bedeit
An da kënnt nach dat Zauberwuert: Garantie d’achèvement. Wat fir vill Keefer ufanks berouegend kléngt, stellt sech an der Praxis dacks als elegant Berouegungspëll eraus. De Begrëff vermëttelt Sécherheet – a Wierklechkeet garantéiert en virun allem eent: datt de Chantier iergendwann fäerdeggestallt gëtt. Iergendwann.
Beim Kaf vun enger VEFA-Wunneng spréngt eng Bank oder eng Versécherung an, wann de Bauträger finanziell a Schwieregkeete geréit. Fir d’Keefer heescht dat awer net, datt alles nom Plang leeft. Et heescht just, datt hir Wunneng um Enn soll existéieren – nëmmen wéini genee, bleift e bëssen e flexibelt Konzept.
D’Garantie schützt also zouverlässeg virun engem dauerhaft hallef fäerdege Betonbau, awer kaum virun Verspéidunge vu Joren, wiesselnden Bauträger oder enger Gedoldsprouf, déi däitlech méi laang dauere kann ewéi den urspréngleche Bauplang.
Keen Eegentum? Vläicht geet et jo nach fir e Locatiounsvertrag.
Och bei de Loyeren weist sech, datt d’Präisser en astronomeschen Opstig hanneru sech hunn.
- 2010: ongeféier 17–18 €/m²
- 2015: ronn 20–22 €/m²
- 2020: ongeféier 24–26 €/m²
- 2024–2025: 29–30 €/m²
Aktuell Offere leien 2026 schonn bei ongeféier 30,5 €/m².
Wärend Politiker zënter Jore mat haarder Stëmm verspriechen: „Mir schafen, bezuelbare Wunnraum ze schafen.“ schéngt de Maart dëse Begrëff op seng eegen Aart ze interpretéieren: All Joer e puer Euro méi pro Quadratmeter.
Fir vill Famillje stellt sech mëttlerweil net méi d’Fro, ob si eng Wunneng fannen – mee just nach: a wéi engem Nopeschland.
Frankräich, d’Belsch an Däitschland ginn domat zum erweiderten Wunnquartier vu Lëtzebuerg, wärend Lëtzebuerg selwer ëmmer méi zu enger Plaz gëtt, wou ee zwar gutt schaffe, mee ëmmer méi schwéier liewe kann.
Investisseure wëllkomm, Famillje manner
Wärend jonk Familljen an d’Ausland auswäichen, gëtt Lëtzebuerg gläichzäiteg international als besonnesch attraktive Immobiliemaart beworben. Hannert de Riddoe vun der politescher Bühn gëtt sech zougeflüstert, et géif geschwënn nei Instrumenter ginn, déi den Immobiliemaart an déi richteg Richtung stousse sollen. Housing Bonds sollen Investitiounen an de Wunnengsbau erliichteren. Offiziell sollen se natierlech och bezuelbare Wunnraum fërderen.
De lëtzebuergeschen Immobiliemaart gëtt och reegelméisseg op internationalem Parkett beworben – zum Beispill zu Cannes, wou sech eemol d’Joer déi weltwäit Immobiliebranche trëfft. Och lëtzebuergesch Ministere reesen dohinner, fir bei engem gudde Gliesche Sekt an e puer suergfälteg arrangéierte Canapés Investisseure fir Lëtzebuerg ze begeeschteren.
Et kéint ee bal den Androck kréien, d’Wunnengskris kéint besonnesch effizient geléist ginn, wann een se nëmmen an enger genuch sonneger Atmosphär presentéiert.
Wärend also doheem Famillje verzweiwelt no Wunnengen sichen, gëtt op der Côte d’Azur doriwwer geschwat, wéi attraktiv Lëtzebuerg fir Kapital ass. Prioritéite si schliisslech wichteg.
Kritiker vermuten awer, datt vill vun dësen Instrumenter virun allem eppes fërderen: Investitiounen.
Dat passt zu engem Immobiliemaart, deen zënter laangem méi vu Kapitalstréim wéi vu Wunnbedierfnesser geprägt ass. Wunnengen si zu Lëtzebuerg net méi nëmmen Plaze fir ze liewen. Si sinn virun allem: Investitiounsprodukter mat Balkon.
D’Léisunge leien scho laang um Dësch – si ginn awer just elegant ignoréiert.
Dat eigentlech Bemierkenswäert un der lëtzebuergescher Wunnengskris ass net hir Komplexitéit. Si ass weder e rätselehaft ökonomescht Phänomen nach en ongeléiste wëssenschaftleche Problem.
Am Géigendeel. D’Ursaachen si säit Jore bekannt. An d’Léisungen och.
En konsequente Ëmgang mat brachleiendem Bauland, e däitlech méi staarken ëffentleche Wunnengsbau, méi streng Reegele géint Immobilienspekulatioun, méi séier Geneemegungsprozeduren an eng méi intelligent Verdichtung vun de Stied kéinten de Marché duerchaus spierbar entlaaschten.
Dat alles ass weder revolutionär nach besonnesch exotesch. Aner europäesch Länner weisen zënter Joren, datt esou Moossname funktionéiere kënnen.
Et misst een se just ëmsetzen.
Déi eigentlech Fro: Wëssen oder Wëllen?
Lëtzebuerg huet kee Problem mat der Erkenntnis. Lëtzebuerg huet e Problem mat der Ëmsetzung.
Soulaang Wunnraum virun allem als Investitioun ugesi gëtt a politesch Reformen nëmme virsiichteg, lues a wa méiglech ouni gréisser Opreegung ëmgesat ginn, wäert sech wéineg änneren. D'Wunnengskris ass schliisslech keen Naturgesetz. Si ass d'Resultat vu politeschen Entscheedungen an domat am Fong och politesch léisbar.
Déi entscheedend Fro ass dofir net méi, wat misst gemaach ginn. D'Fro ass däitlech méi einfach. Ob een et wierklech maache wëll.