Gewalt op de Schoulen
Gewalt op de Schoulen

Gewalt an de Schoulen: Ouni Konsequenze riskéiert een eng Zell amplaz vun enger Zukunft
Wann d'Schoul zum Schauplatz vu Gewalt gëtt
A leschter Zäit kënnt et ëmmer nees zu Gewaltvirfäll tëscht Schülerinnen a Schüler.
Laut dem Bildungsministère goufen eleng am Schouljoer 2024/2025 insgesamt 312 Schülerinnen a Schüler vun der Schoul verwisen, woubäi Gewaltdoten zu den heefegste Grënn zielen. Dat weist eng däitlech Hausse iwwer e puer Joer bei Disziplinar- a Gewaltvirfäll.
D’Enseignante fille sech am Stach gelooss a spieren eng ëmmer méi grouss Muechtlosegkeet, well d’Decisioune vun den Disziplinarréit ëmmer méi dacks opgehuewe ginn. Am lafende Schouljoer goufen 50 % vun den Ausschlëss, géint déi virun den Appellatiounsinstanzen Appell ageluecht gouf, réckgängeg gemaach. Et gëtt also keng nohalteg Konsequenzen, an déi selwecht Persoune kommen no kuerzer Zäit onverännert zeréck. Esou entsteet den Androck, datt zwar Reegelen ugekënnegt ginn, awer net wierklech duerchgesat ginn. Dat ënnergrueft net nëmmen d’Autoritéit vum Léierpersonal an der Schoul, mee schaaft och e Gefill vun Onsécherheet bei de Schüler.
Gläichzäiteg gëtt vill Zäit a Prestigeprojeten ewéi ALPHA, Unisextoiletten an nei Léierpläng investéiert, an dës kréie vill Opmierksamkeet. Symbolesch Moossname ginn mat vill Engagement virugedriwwen.
Ma zentral Themen ewéi d’Gewaltpreventioun geroden an den Hannergrond. Gewaltstrofdote bei Jugendlechen huelen zwar a verschiddene Beräicher of, mee bewaffent Iwwerfäll vu Mannerjäregen hunn 2024 nees zougeholl – vun 22,9 % op 27,8 % vun allen entspriechende Strofdoten.
Dat alles geet dem Léierpersonal an de Schüler un d’Nerven. D’Enseignante verléieren d’Kraaft.
Wat fréier fir Enseignanten eng Beruffung war, fillt sech haut fir Leit am pädagogesche Beräich nëmmen nach wéi e Kampf un. Et gëtt ëmmer manner Leit, déi an de Beruff erakommen, an déi, déi nach do sinn, stellen sech d’Fro: „Wéi laang halen ech dat nach aus?“ Oder si verloossen den Enseignantsberuff, well de perséinlechen oder idealistesche Wäert verluer gaangen ass.
Vill Schüler verléieren ëmmer méi d’Hoffnung an d’Orientéierung. Hir Frustratioun staut sech op, wat sech dann net seele a Form vun Aggressioun géint Matschüler a Léierpersonal entluet. D’Schoulflicht vun 16 op 18 Joer ze erhéijen, kënnt bestëmmt jidderengem zegutt. Dat wierkt bestëmmt wéi e pädagogesche Wellnessprogramm a berouegt d’Situatioun.
Wann d'Pädagogik versot an nëmmen nach Gitter iwwreg bleiwen.
D’Realitéit bréngt awer nach eng weider batter Erkenntnis mat sech.
Wann et dann, wéi viru kuerzem, zu enger Dot kënnt, déi mat enger Kierperverletzung endegt, sollt de Jugendlechen eigentlech an déi dofir virgesinn Ariichtung bruecht ginn.
Zënter 2022 ass bekannt, datt déi eigentlech dofir virgesinn Institutioun zu Dreiborn iwwerlaascht ass. A wärend Dreiborn op säi Schützling waart, huet dësen d’Ästhetik vum Prisongswiesen kennegeléiert. Firwat op pedagogesch Konzepter zeréckgräifen, wann et dach Maueren a Gitter gëtt? En Ëmbau vun der Institutioun zu Dreiborn ass geplangt, awer eréischt fir 2027. Och eng zou Ariichtung um bestehende Terrain ass geplangt. Si kann awer fréistens 2030 a Betrib geholl ginn.
Och wann dat nëmmen eng kuerzfristeg Moossnam ass, ass et fir e räicht Land wéi Lëtzebuerg dach beschämend a geféierlech.
Verschidde Studien weisen drop hin, wéi eng Konsequenzen esou Interventiounen hunn kënnen. Jugendlecher, déi dann ouni pedagogesch Betreiung an d’Ëmfeld vum normale Prisongswiese kommen, hunn e méi héije Risiko, réckfälleg ze ginn. Déi international Fuerschung weist, datt fräiheetsentzéiend Moossnamen ouni sozialpedagogesch Begleedung d’Bildungsweeër massiv a Gefor bréngen a laangfristeg psychesch Schied hannerloosse kënnen.
De System versot – Punkt.
E Schoulsystem, dat zerfällt, léisst sech net mat Symbolpolitik a waarme Wierder flécken. Et ass bal grotesk, datt mir iwwer de Schutz vu Kanner a Jugendleche schwätzen, dobäi awer duerch inkonsequent Handelen d’Hoffnunge vu Kanner, Jugendlechen an Enseignante zerstéieren.