Triple A, awer keng Wunneng?

Blog-Artikel

Triple A, awer keng Wunneng?

Auteur: Chantal Faber
Wunnen
Triple A, awer keng Wunneng?

AAA-Rating fir d'Staatsfinanzen – mee wat bréngt dat de Leit?

Lëtzebuerg ass ee vun de wéinege Länner, déi nach en AAA-Rating hunn. De Staat leet vill Wäert drop, well et natierlech e gudden Androck mécht, wann een domat virun auslänneschen Investisseure prahle kann.

Fir déi normal Bevëlkerung bréngt dat awer net vill. Wat bréngt enger Famill en AAA-Rating, wann d’Liewen an d’Wunnen am eegene Land ëmmer méi zu enger Fro vum Iwwerliewe ginn? Fir vill Stéit maachen de Loyer oder d’Hypothéik mëttlerweil iwwer 40 % vun hirem Akommes aus. D’OECD huet kloer Recommandatiounen, no deenen d’Wunnkäschten eigentlech net méi wéi 30 % vum disponibelen Akommes ausmaache sollten. Zu Lëtzebuerg gëtt dës Grenz awer zënter Jore massiv iwwerschratt.

Mee vläicht ass dat déi nei lëtzebuergesch Definitioun vu „bezuelbarem Wunnraum“: wann nom Loyer nach genuch fir Bensin an eng Pizza aus dem Tiefkühler iwwreg bleift.

D’Mëttelschicht geréit ëmmer méi ënner Drock.

An et sinn net méi nëmme Leit mam Mindestloun, déi dovu betraff sinn. Ganz am Géigendeel. Et sinn virun allem déi Leit, déi knapp iwwer de soziale Schwellewäerter leien an dofir keng oder nëmme minimal staatlech Ënnerstëtzung kréien, déi ëmmer méi ënner dëser Situatioun leiden.

Fir vill Elengerzéiender ass et bal onméiglech ginn, zu Lëtzebuerg bezuelbare Wunnraum ze fannen. Virun allem vill jonk Leit, déi grad an hir berufflech Carrière starten, zéien iwwer d'Grenz. Familljepläng ginn op Äis geluecht, an ëmmer méi Leit froe sech, ob si an hirem eegene Land iwwerhaapt nach eng Zukunft hunn.

An et muss ee sech d'Fro stellen: Schwäche mir domat net och eist soziaalt Liewen, eist Gemeinschaftsgefill an op laang Siicht souguer eis Wirtschaft?

Vill Ukënnegungen – awer wéineg konkret Resultater.

D'Regierung bréngt zwar reegelméisseg nei Mesuren op de Wee, déi zwar gutt gemengt kënne sinn, mee de Kärproblem net léisen.

E „Pacte Logement 2.0“ gouf ugekënnegt, zesumme mat enger Reform vum VEFA-System. Et war och vu „Wunnengsobligatiounen“ rieds, wat nees éischter no enger Mesure kléngt, fir Investisseuren unzezéien, wéi no enger konkreter Äntwert op d'Problemer vun de Leit.

Well wann eng normal Famill keng Wunneng méi fënnt, ass et natierlech logesch, als Éischt nach en attraktivt Finanzprodukt op de Marché ze bréngen.

Eng vereinfacht Umeldung iwwer Guichet.lu soll de Leit den Zougang zu bezuelbarem Wunnraum erliichteren. Dat werft awer eng einfach Fro op: Wat bréngt eng digital Waardelëscht, wann et net genuch bezuelbar Wunnenge gëtt?

Op d'mannst kann een sech elo op eng modern, digital Manéier fir eng Wunneng mellen, déi et guer net gëtt.

Ausserdeem soll e Loyerskadaster agefouert ginn, fir besser verfollegen ze kënnen, wéi héich d'Loyere sinn a wéi vill Wunnenge eidel stinn. Transparenz ass sécher keng schlecht Saach.

Wann d'Locatiounsrecht selwer awer net konsequent ugewannt gëtt, bleift och dat just eng administrativ Mesure ouni reell Wierkung. Zousätzlech ass de Loyerskadaster souguer an den eegene Reie vun der DP ëmstridden an huet intern schonn Kritik ausgeléist.

Dat selwecht gëllt fir déi geplangt national Locatiounskommissioun. Natierlech kann et sënnvoll sinn, Sträitfäll tëscht Proprietären a Locatairë besser ze regelen. Mee och hei kéint ee sech froen, ob dat net just nach méi administrativt Gebastels ass, während déi eigentlech Wunnengskris ëmmer méi grouss gëtt.

A schliisslech sinn aus „Kaffisstuben“ elo einfach „Méi-Familljenhaiser“ ginn – wéi wann en neien Numm eppes un der Realitéit ännere géif. Fir e räicht Land wéi Lëtzebuerg ass et eng batter Tragedie, datt een am Joer 2026 nach ëmmer doriwwer diskutéiere muss, ob 9 Quadratmeter a reduzéiert Sécherheetsvirschrëfte fir esou Wunnformen akzeptabel sinn.

Lëtzebuerg gëtt ëmmer besser doranner, d'Wunnengskris ze dokumentéieren, ze analyséieren an ze verwalten – just net doranner, se ze léisen.

De Maart eleng wäert dës Kris net léisen.

Fir d’Wunnengskris wierklech an de Grëff ze kréien, brauch et kloer Ziler an de Courage, fir se ëmzesetzen.

Mëttlerweil misst jidderengem kloer sinn, datt de Maart eleng dës Situatioun net léise wäert.

Lëtzebuerg brauch bis zu 6.000 nei Wunnengen d’Joer, fir den tatsächleche Besoin ze decken. D’Loyere mussen dauerhaft bezuelbar bleiwen an däerfen net stänneg spekulativ ugepasst ginn.

D’Planungsprozedure mussen endlech vereinfacht a beschleunegt ginn. Et kann net sinn, datt all Gemeng hir eege Reegelen huet an doduerch Projeten iwwer Jore blockéiert ginn. D’Gemenge mussen och erkennen, datt an esou enger nationaler Kris net jidderee säin eegene Wee goe kann.

Gläichzäiteg muss Bauland fräiginn ginn. Et däerf net méi rentabel sinn, Terrainen iwwer Joren brach leien ze loossen, just fir spéider nach méi Gewënn domat ze maachen.

D’Politik ass verantwortlech.

Et ginn nach vill aner Mesuren, déi néideg wieren. Mee dofir brauch een eng Regierung, déi och bereet ass, wierklech couragéiert Entscheedungen ze treffen – an net nëmmen dauernd nei Etüden, Regësteren, Kommissiounen oder „innovativ“ Finanzprodukter unzekënnegen.

Wunnengsobligatioune klénge vläicht modern an innovativ, mee um Enn huet een heiansdo den Androck, datt d’Investisseuren nees eng nei Geleeënheet kréien, fir vun der Wunnengskris ze profitéieren, wärend déi ganz normal Famill sech ëmmer nach freet, wéi si den nächste Loyer oder d’Hypothéik bezuele soll.

D’Regierung huet awer d’Flicht, jidderengem eng Aussiicht op bezuelbare Wunnraum ze ginn – wéi et och am Artikel 40 vun der Verfassung virgesinn ass.

Mee vläicht bedeit „Aussiicht op Wunnraum“ mëttlerweil, datt een d’Eegenheem op d’mannst aus der Distanz betruechte kann.

Wéi eng Zukunft wëlle mir fir Lëtzebuerg?

Lëtzebuerg steet virun engem wichtege Kräizwee: Si mir bereet ze akzeptéieren, datt bezuelbare Wunnraum ëmmer méi zu engem Privileg fir déi gëtt, déi vill verdéngen oder op Familljeverméigen zeréckgräife kënnen?

Oder datt auslännesch Investisseuren hei den Immobiliemaart iwwerhuelen, fir d'Renditten nach weider ze steigeren?

De Besoin ass kloer: Lëtzebuerg brauch all Joer ronn 6.000 nei Wunnengen. Wann de private Maart dat net leeschte kann, muss de Staat méi Verantwortung iwwerhuelen a gezielt bezuelbare Wunnraum schafen, deen net der Spekulatioun iwwerlooss gëtt.

D'Fro ass dofir, wéi eng Zukunft mir wëllen: e Land, an deem sech nëmmen déi Stäerkst d'Liewe leeschte kënnen, oder e Lëtzebuerg, an deem jonk Familljen, Salariéen an d'Mëttelschicht nach eng realistesch Perspektiv hunn?

Back to top button