Wien jidderee wëll entlaaschten, entlaascht um Enn déi Falsch
Wien jidderee wëll entlaaschten, entlaascht um Enn déi Falsch

Wien jidderee wëll entlaaschten, entlaascht um Enn déi falsch Leit.
Kënne mir w.e.g. kuerz innehalen an éierlech driwwer schwätzen, wat mir eigentlech vum Staat erwaarden?
D’Spritpräisser klammen, an direkt ginn nees Fuerderungen haart: De Staat soll agräifen, Präisser deckelen, entlaaschten. Am léifsten direkt an esou ëmfaassend wéi méiglech. Dat kléngt no Fürsorge. Bei méi geneeem Hokucken ass et awer virun allem kuerzsiichteg.
Kucke mer eis d’Realitéit un.
Wéi grouss ass eigentlech den tatsächlechen Impakt op d’Konsumenten?
Den 1. Januar 2026 louchen d’Bensinnspräisser zu Lëtzebuerg bei 1,41 € pro Liter Super 95, bei Super Plus waren et 1,54 € a bei Diesel 1,39 €. Haut, den 1. Abrëll 2026, leie mir bei 1,76 € pro Liter Super 95, 1,86 € fir Super 98 an 2,01 € fir Diesel. Sécher, déi prozentual Hausse ass enorm. Mee loosse mer eis dat emol an absolute Zuele ukucken.
Zu Lëtzebuerg ass den duerchschnëttleche Wee op d’Aarbecht fir Salariéen, déi zu Lëtzebuerg wunnen, 16,7 km. Fir Salariéen, déi am Ausland wunnen, sinn et tëscht 44,7 (Frankräich), 48 km (Däitschland) an 53,9 km (Belsch). Gerechent iwwer all Salariéë kënnt een op en Duerchschnëtt vun 30,6 km (Quell: ACL).
Am Duerchschnëtt fueren d’Salariéen zu Lëtzebuerg (oder op d’mannst déi, déi net op den ëffentlechen Transport wiessele wëllen oder kënnen) also ronn 60 km pro Dag fir de Wee op d’Aarbecht an zréck. Bei engem Duerchschnëttsverbrauch vu ronn 7 Liter an enger 5-Deeg-Woch ergëtt dat e Verbrauch vun ongeféier 90 Liter Dreifstoff pro Mount (wuelgemierkt nëmme fir de Wee op d’Aarbecht).
Doraus ergëtt sech eng zousätzlech Belaaschtung par rapport zum 1. Januar 2026 vun ongeféier 30 € bis 100 € pro Mount (ofhängeg vum Dreifstofftyp an der Distanz bis op d’Aarbechtsplaz).
Leit mat niddregem Akommes musse entlaascht ginn, mee eng Entlaaschtung nom Géisskanneprinzip ass net gefrot.
Natierlech ass dat just d'Spëtzt vum Äisbierg. Dobäi kommen nach weider Konsequenze vun den héijen Energiepräisser, zum Beispill fir d'Heizkäschten an d'Liewensmëttelpräisser. Fir Leit mat niddregem Akommes ass d'Situatioun also alles anescht wéi einfach.
Mee dës sozial Ofpufferung ass zu Lëtzebuerg scho laang Realitéit. Nieft der Indexéierung, déi d'Léin automatesch un d'Inflatioun upasst, gëtt et eng Teierheetszoulag an eng Energieprimm fir Stéit mat niddregem Akommes (en Online-Tool dozou gëtt et hei beim FNS). Dobäi kënnt e Mindestloun, deen no Bedarf ugepasst gëtt an deen aktuell bei 3.244,48 € fir qualifizéiert a bei 2.703,74 € fir onqualifizéiert Salariéë läit a soll den 1. Januar 2027 ëm 3,8 % klammen (Quell: wort.lu).
Dofir elo eng grouss pauschal Hëllef ze verlaangen an eng Plafonnéierung vun de Spritkäschte vum Staat ze fuerderen, schéngt op d'mannst e bëssen iwwerdriwwen. Well domat géifen nieft de Stéit, déi se wierklech brauchen, och déi ( wuel däitlech méi grouss) Majoritéit entlaascht ginn, déi sech déi zousätzlech Käschte vill méi liicht leeschte kann. An et géif och déi entlaaschten, déi zwar hei am Land tanken, awer net schaffen.
Déi eigentlech Erausfuerderung besteet also éischter doran, d'Ënnerstëtzung geziilt do anzesetzen, wou se wierklech gebraucht gëtt, amplaz se breet ze verdeelen. Grouss Wierder änneren dorun näischt, d'Realitéit bleift déi selwecht. Vläicht sollten all déi, déi elo staatlech Agrëffer fuerderen, op dëser Plaz emol kuerz innehalen an iwwer de Prinzip vun der Solidaritéit nodenken.
Soll de Staat Offeren ubidden, bei deenen ee sech ëm näischt këmmere muss?
Et ass net d’Aufgab vum Staat, senge Bierger all Suergen a Risiken ofzehuelen. Sécher, e Staat, deen op dem Solidaritéitsprinzip opbaut, soll a muss sozial Härten ofmilderen. Awer e soll net am Stil vun Helikopterelteren iwwer de Käpp vu senge Bierger kreesen an hinnen iwwerbehittend all Belaaschtung am Liewen ofhuelen.
Denn e Staat, deen esou eppes mécht, fërdert laangfristeg eng Haltung, bei där d’Verantwortung ëmmer méi ausgelagert gëtt. Grad a schwieregen Zäite brauche mir awer genee de Géigendeel dovun, nämlech verantwortungsbewosst a resilient Bierger, déi grad a Krisenzäiten hir Eegeneverantwortung iwwerhuelen an hir Problemer selwer ugoe kënnen.
En Beispill aus der vill beschwaten a sougenannter „gudder aler Zäit“, déi Populisten esou gär verherrlechen, wier iwwregens déi éischt Uelegkris an den 1970er-Joren. Deemools huet de Staat mat Fuerverbueter, Vitesslimiten an Opriff reagéiert, manner ze hëtzen. Finanziell Hëllef krute just e puer Bedürfteger. Méi spéit goufen d’Ufuerderungen un d’Effizienz vun den Heizungen an un d’Isolatioun vu Gebaier verschäerft.
Zënterhier huet sech d’Siichtweis vun der Politik anscheinend verännert; Politiker gi vun der Angscht ugedriwwen, de Bierger eppes zoumudde mussen. A Populiste notzen dat grëndlech aus a dreiwen d’Regierungen mat ëmmer neie Fuerderungen an ëmmer nei Reguléierungszyklen. Et ass héich Zäit fir méi Éierlechkeet an der Politik an an der Gesellschaft.
Mir wäerten akzeptéiere mussen, datt sech politesch Konflikter net mat ëmmer méi Geld entschäerfe loossen. Well mir dat néidegt Geld dofir nämlech einfach net méi hunn.
Mir kënnen net all Problemer léisen.
D’Regierunge mussen sech dorunner gewinnen, de Bierger méi Wourecht zouzemudden. An déi Energiekris, déi grad duerch den Iran-Krich ausgeléist gouf, kéint duerchaus eng Schabloun dofir liwweren.
D’Wourecht ass, datt alles, wat fossil Brennstoffer verbrennt, méi deier wäert ginn. An dat och ouni geopolitesch Krisen. Biogas an E-Fuels wäerten ni esou bëlleg ginn, datt et finanziell sënnvoll ass, elo nach weider Autoe mat Verbrennungsmotor a Gasheizungen ze kafen. Egal, wat Lobbyiste soen.
Dat heescht net, datt kee méi Motore mat groussem Hubraum an änlech Spillereie kafe soll. Mee mir mussen eis vun der Virstellung verabschieden, datt de Staat als Vollkaskoversécherung aspréngt, wann et emol net esou leeft, wéi gewënscht.
Esou vill Wourecht muss d’Regierung de Bierger zoumudden.