FOKUS. in the social networks

🇱🇺 | D’Lëtzebuergescht ass den Ausdrock vun eiser Geschicht an eiser Diversitéit. Eis Sprooch huet vill Aflëss aus dem Däitschen an dem Franséischen a verbënnt domat op eng ganz natierlech Aart a Weis verschidde Sproochen a Kulturen.

Genee doranner läit eng grouss Chance: ...Lëtzebuergesch kann eng wichteg Integratiounssprooch sinn – net als Barrière, mee als gemeinsam Sprooch, déi d’Leit zesummebréngt an e Gefill vun Zougehéieregkeet schaaft.

Hei kënnt elo nach eng weider Ausso vum Marc Ruppert dozou, nodeems hien dëst Thema schonn an engem viregte Video ugeschwat huet.

🇱🇺 | Alphabetiséierung op Lëtzebuergesch – eng gemeinsam Basis fir e staarkt Zesummeliewen.

Et geet net drëm, géint eng Sprooch, eng Kultur oder e multikulturellt Lëtzebuerg ze sinn. Am Géigendeel: D’Villfalt gehéiert zu eisem Land.

Mee grad an enger Gesellschaft,... an där esou vill Sproochen a kulturell Hannergrënn zesummekommen, brauche mir och eng gemeinsam Basis. Eng Alphabetiséierung op Lëtzebuergesch kann dozou bäidroen, dës Basis ze schafen an d’gesellschaftlecht Zesummeliewen ze stäerken.

D’Lëtzebuergescht selwer reflektéiert dobäi d’Realitéit vun eisem Land: eng Sprooch, déi sech historesch entwéckelt huet an an där germanesch Wuerzelen an Aflëss aus dem Däitschen a Franséischen zesummekommen.

Et geet also net ëm Ofgrenzung, mee ëm Verbindung: eng gemeinsam sproochlech Basis, déi Integratioun, Participatioun an Zesummenhalt fërdert – an engem oppenen a méisproochege Lëtzebuerg.

FOKUS invitéiert all Mënsch, ob Member oder Sympathisant, op e Fouerpatt. Kommt bis laanscht a genéisst en Owend a gudder Gesellschaft am Schwarzwaldhaus!

🤯 | Eng Steiererklärung däerf kengem méi Kappzerbrieches maachen! Si muss einfach, verständlech an transparent sinn.

🍻| „Steiererklärung um Béierdeckel” ass e Spréchwuert, dat virun allem an der däitscher Politik bekannt gouf. Hannendrun stécht eng einfach Iddi: ...D’Steiersystem soll esou einfach sinn, datt eng normal Steiererklärung op e Béierdeckel géif passen. Dat ass natierlech symbolesch gemengt, mee et weist kloer d’Zil vun eiser Reform: e Steiersystem, deen transparent, einfach a verständlech ass.

❌ | Keng Steiererklärung méi fir Bierger, déi just ee Revenu ze deklaréieren hunn. D’Barème fir d’Berechnung vum Salaire misst all Ofsetzbarkeeten an Abattemente schonn automatesch berücksichtegen.

✅ | Doduerch kéint de Staat schätzungsweis ronn 70 % vun de Steiererklärungen automatiséieren. Déi meescht Steierzueler missten näischt méi ausfëllen, well d’Besteierung direkt korrekt berechent gëtt. Den Netto um Enn vum Mount entsprécht domat dem reelle Revenu, ouni onerwaart Nofuerderungen oder Réckbezuelungen.

💶 | D’Steierzueler kréien domat méi finanziell Planungssécherheet. Gläichzäiteg spuert de Staat Personal an Administratiounskäschten, déi sech op déi méi komplex Dossiere konzentréiere kënnen.

☝️ | Ausserdeem muss d’Barème moderniséiert ginn, fir ze verhënneren, datt Leit aus der Mëttelschicht bei klengen Akommeserhéijungen disproportionell séier an eng méi héich Steierklass falen.

🥳 | Esou schafe mir eng Steierreform, déi de Staat net méi kascht, mee éischter Sue spuert duerch manner Bürokratie an eng méi effizient Verwaltung, wärend d’Recettë méi gerecht verdeelt ginn an d’Bierger e méi einfachen, transparenten a faire Steiersystem kréien.

🤔 | Wou bleiwen déi etabléiert Parteien, wann et drëms geet, den Index wierklech méi sozial gerecht ze maachen?

😠 | Virun allem d’Parteien aus dem lénke Spektrum huelen déi sozial Gerechtegkeet gär fir sech an Usproch. Mee wann et drëms geet, eng offensichtlech sozial ...Schiflag am aktuellen Indexsystem konkret unzegoen, bleift et erstaunlech roueg.

✅ | Mir hunn dofir schonn am September 2022 e sozialen Index gefuerdert. Net d’Ofschafe vum Index. Net d’Verréckelen oder d’Aussetze vun Indextranchen. Mee en Index, dee méi sozial gerecht wier a besonnesch de Leit mat méi klengen Akommes zeguttkënnt.

📌 | Eis Propos läit zënter 2022 um Dësch.
Wéi e sozialen Index konkret kéint ausgesinn, hu mir deemools am Detail erkläert. Den RTL huet den 14. September 2022 doriwwer bericht.

Hei de Link:

https://infos.rtl.lu/news/luxembourg/la-solution-de-fokus-pour-reduire-lecart-entre-petits-et-gros-salaires-1965579

📺 RTL-Interview mam Marc Ruppert

Dës Chamber huet ze weineg Courage. Eng Demokratie brauch awer ee staarkt Parlament. Mat e puer Ausname gëtt d’Kontrollfunktioun vum Parlament zënter Joerzéngten net konsequent genuch erfëllt. Mir brauche méi Courage, méi Visioun a virun allem ...eng Politik, déi no vir kuckt.

Mir setzen op konkret Léisungen amplaz vu Verwalten:

➡️ Eng Zukunftskommissioun, déi eng laangfristeg strategesch Planung fir Lëtzebuerg ausschafft.

➡️ Eng Wunnengsbau-Strategie, déi net nëmme kuerzfristeg reagéiert, mee d’Bedierfnesser vun de kommende Generatioune mat afléisse léisst.

➡️ Grenziwwerschreidend Aktivitéitszonen an der Groussregioun, fir nei Aarbechtsplazen ze schafen an d’wirtschaftlech Entwécklung besser ze steieren.

➡️ Eng wäerteorientéiert Schoulpolitik, mat enger Alphabetiséierung op Lëtzebuergesch, fir eis Kanner besser op d’Liewe virzebereeden an eis Sprooch ze stäerken.

➡️ De Wäerteverloscht an eiser Gesellschaft eescht huelen, an de Jonken nees méi Verantwortung vermëttelen – zum Beispill duerch e Biergerlechen Déngscht.

Mir wëllen net nëmme kritiséieren. Mir wëllen eng Oppositioun sinn, déi Iddien op den Dësch leet an eng Chamber, déi hire fundamentalen Optrag nees eescht hëlt: d’Regierung kontrolléieren, Debatten ustoussen an d’Zukunft vu Lëtzebuerg aktiv gestalten.
#letzebuerg #luxemburg #Luxembourg #logement #Demokratie

📺 RTL-Interview mam Marc Ruppert

Dës Chamber huet kee Courage Eng Demokratie brauch awer eng staark Chamber. Mat e puer Ausname gëtt d’Kontrollfunktioun vum Parlament zënter Joerzéngten net konsequent genuch erfëllt. Mir brauche méi Courage, méi Visioun a virun allem eng ...Politik, déi no vir kuckt.

Mir setzen op konkret Léisungen amplaz vu Verwalten:

➡️ Eng Zukunftskommissioun, déi eng laangfristeg strategesch Planung fir Lëtzebuerg ausschafft.

➡️ Eng Wunnengsbau-Strategie, déi net nëmme kuerzfristeg reagéiert, mee d’Bedierfnesser vun de kommende Generatioune mat afléisse léisst.

➡️ Grenziwwerschreidend Aktivitéitszonen an der Groussregioun, fir nei Aarbechtsplazen ze schafen an d’wirtschaftlech Entwécklung besser ze steieren.

➡️ Eng wäerteorientéiert Schoulpolitik, mat enger Alphabetiséierung op Lëtzebuergesch, fir eis Kanner besser op d’Liewe virzebereeden an eis Sprooch ze stäerken.

➡️ De Wäerteverloscht an eiser Gesellschaft eescht huelen, an de Jonken nees méi Verantwortung vermëttelen – zum Beispill duerch e Biergerlechen Déngscht.

Mir wëllen net nëmme kritiséieren. Mir wëllen eng Oppositioun sinn, déi Iddien op den Dësch leet an eng Chamber, déi hire fundamentalen Optrag nees eescht hëlt: d’Regierung kontrolléieren, Debatten ustoussen an d’Zukunft vu Lëtzebuerg aktiv gestalten.

🇱🇺 | „Wien iwwer d’Zukunft vun eisem Land matentscheede wëll, soll Lëtzebuerg net nëmmen aus dem Stammbam kennen.“

👉 | Mat dëser Ausso setzt d’Chantal Hommel-Faber e kloert Zeechen a mécht sech Gedanken iwwer d’Fro, wien an Zukunft bei wichtegen Entscheedunge fir ...eist Land soll matschwätzen.

😕 | E Parlament, dat senge fundamentale Pflichten net nokënnt a eng Politik vun de feelenden Zukunftsvisioune fir Lëtzebuerg. 

👉 | FOKUS. huet gëschter op eng Pressekonferenz agelueden. E puer Aussoen vun dëser fannt dir hei:

🗣️ "Héich Zäit, datt mir Alpha maachen"?
❌ Eisen President huet de Moien um Radio 100,7 reagéiert an d'Fokus Fuederung vun enger Alphabetiséierung op Lëtzebuergesch 🇱🇺 erklärt.
De ganzen Interview an de Kommentarer 👇🏻

👀 | Zukunftskomissioun, Alphabetiséierung op Lëtzebuergesch 🇱🇺, Walrecht a villes méi waren d'Themen vun eiser Pressekonferenz gëschter!

📺 | Een längeren Reportage gouf et de Moien op RTL Lëtzebuerg.

Mir soen merci!

🚗🚗🚗🚗 | Stau, Stau, Stau!

🤬 | De Verkéier hëlt vu Joer zu Joer zou! Dorënner vill Frontalieren.

👀 | Nohalteg Léisungen? Jo, Fokus fuerdert schonn länger gemeinsam Aktivitéitszonen op an hannert de Grenzen.

📈 | Een anere Wuesstem ass méiglech, ...wann endlech anstänneg mat der Groussregioun zesumme geschafft gëtt. Haut scho ginn Milliounen un d’Gemengen an den Nopeschlänner iwwerwisen.

✅ | Déi Sue sollte genotzt gi fir dës Aktivitéitszonen opzebauen. Eng Alternativ mat Vernonft, ee Wuesstem mat Verstand.

Een Plädoyer vun eisem President fir eng Alpahabetiséierung op Lëtzebuergesch🇱🇺!

🥱 | Et schéngt, wéi wann een sech misst widderhuelen…

✅ | FOKUS. fuerdert als eenzeg Partei zanter Méint eng Alphabetiséierung op Lëtzebuergesch. Wien eis Positioun wierklech hätt wëlle bréngen, hätt net misse wäit siche goen.

👉 | Mir hunn eis Argumenter schonn... a Communiquéen, Tribunes libres, um Kongress an an enger Rei vu soziale Medie-Posts detailléiert erkläert.

☝️| Mir stellen dës Argumenter dem Luxemburger Wort gär nach eng Kéier zur Verfügung – virausgesat, et besteet de Wonsch, eng seriö an oppen Debatt iwwer d’Saach ze féieren, an net just iwwer Partei X oder Y.

Mir sinn ëmmer bereet, iwwer Inhalter ze diskutéieren. Well genee dorëms soll et an enger Demokratie goen.

🥱 | Et schéngt, wéi wann een sech misst widderhuelen…

✅ | FOKUS. fuerdert als eenzeg Partei zanter Méint eng Alphabetiséierung op Lëtzebuergesch. Wien eis Positioun wierklech hätt wëlle bréngen, hätt net misse wäit siche goen.

👉 | Mir hunn eis Argumenter ...schonn a Communiquéen, Tribunes libres, um Kongress an an enger Rei vu soziale Medie-Posts detailléiert erkläert.

☝️| Mir stellen dës Argumenter dem Luxemburger Wort gär nach eng Kéier zur Verfügung – virausgesat, et besteet de Wonsch, eng seriö an oppen Debatt iwwer d’Saach ze féieren, an net just iwwer Partei X oder Y.

Mir sinn ëmmer bereet, iwwer Inhalter ze diskutéieren. Well genee dorëms soll et an enger Demokratie goen.

🚗🚗🚗🚗 | Stau, Stau, Stau!

🤬 | De Verkéier hëlt vu Joer zu Joer zou! Dorënner vill Frontalieren.

👀 | Nohalteg Léisungen? Jo, Fokus fuerdert schonn länger gemeinsam Aktivitéitszonen op an hannert de Grenzen.

📈 | Een anere Wuesstem ass méiglech, ...wann endlech anstänneg mat der Groussregioun zesumme geschafft gëtt. Haut scho ginn Milliounen un d'Gemengen an den Nopeschlänner iwwerwisen.

✅ | Déi Sue sollte genotzt gi fir dës Aktivitéitszonen opzebauen. Eng Alternativ mat Vernonft, ee Wuesstem mat Verstand.

👉 | FOKUS. wëllt d’Groussregioun als gemeinsame Wirtschaftsraum vun der Zukunft denken.

🤝 | Zesumme mat Däitschland, Frankräich an der Belsch solle grenziwwerschreidend Aktivitéitszonen entstoen, an deenen nei Industrie- a Déngschtleeschtungsbetriber ugesidelt ginn. ...Lëtzebuerg sollt zesumme mat de lokalen Autoritéiten an d’Infrastruktur an an d’Promotioun vun dëse Standuerter investéieren, fir Aarbechtsplaze méi no un d’Grenzen ze bréngen.

✅ 🚙 | Esou verkierzen sech d’Pendelweeër, de Verkéier gëtt entlaascht an d’wirtschaftlech Entwécklung vun der ganzer Groussregioun gëtt gestäerkt. Et wier eng intelligent Manéier mat eisem Wuesstem ëmzegoen.

Dës Projete sollen och am Kader vun enger Zukunftskommissioun déi mir fuerdere laangfristeg geplangt a begleet ginn - fir eng zukunftsorientéiert Landesplanung déi hire Numm och wierklech verdéngt.

Back to top button