Ee biergerlechen Déngscht fir Lëtzebuerg
Ee biergerlechen Déngscht fir Lëtzebuerg
Als eenzeg Partei zu Lëtzebuerg fuerdert Fokus een obligatoresche biergerlechen Déngscht, fir jonk Männer a Fraen. Dësen obligatoreschen Déngscht, deen zertifiéiert a renumeréiert soll sinn, kann entweder am zivillen oder militäresche Beräich geleescht ginn.
Virbild fir eise Modell ass Éisträich, wou et dësen Déngscht zanter elo gutt 50 Joer als Ersatz fir de Militärdéngscht gëtt. An der Alperepublik dauert den Zivildéngscht 9 Meint a muss virum 35ten Liewensjoer gemaach ginn. D’Ziel ass jonke Leit d´Engagement fir d’Allgemengheet mei no ze brengen an als Gesellschaft besser op Krisenzäite preparéiert ze sinn, beispillsweis wann Naturkatastrophen oder sanitär Krisen d’Land treffen.
tuden an Éisträich weisen, dass 3 vun 4 Jonker, duerno besser kënnen op onbekannte Situatioune reagéieren a mei Versteesdemech opbrénge fir eeler a vulnerabel Leit. An der Alperepublik bleiwe vill Jonker, ëmmerhi ronn 35%, nom Zivildéngscht nach éierenamtlech aktiv a stäerken de Sozialsystem, de Gesondheetssecteur, Veräiner an Associatiounen.
Fokus ass der Meenung, dass een Zivildéngscht och hei d’Eirenamt stäerke kann, ënnert anerem och am Gesondheetssecteur, wou speziell hei am Land an de nächste Joren ee grousse Besoin besteet.
Ee biergerlechen Déngscht kéint eng grouss Hëllef si fir eisen, Sozial- a Gesondheetssystem. E géif d’Land mei Krisefest maachen. E géif donieft jonk Leit aus alle Gesellschaftsschichten zesummebréngen, hinne grondleeënd Wäerter mei no bréngen, d’Eirenamt stäerken, den Zesummenhalt an der Gesellschaft stäerken.
Ee Land wéi Lëtzebuerg brauch Bierger, déi sech mat eise Wäerter identifizéieren, déi bereet a kapabel si, mat unzepaken, Leit an Nout zu hëllefen an ee vollwäertegen Deel si vun enger Gesellschaft, déi mei ass, wéi een Zännrad an engem Modell vun éiwegem Wirtschaftswuesstem.
Lëtzebuerg, den 28. November 2024




