Communiquéen

Rechtsstaat “ad Acta”

Rechtsstaat “ad Acta”

De 7ten Januar war d´Buergermeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg, d´Lydie Polfer, Invité vun der Redaktioun bei RTL. Wéi sou oft an de leschte Joerzéngten, wann d´Madamme Polfer um Radio oder op der Tëlee Ried an Äntwert gestanen huet, war d´Thema: d´Sécherheet an d´Kriminalitéit an der Stad Lëtzebuerg. Wéi sou oft, bleift de Constat deen nämmlechten: et feelt u Polizisten a mëttlerweil ganz akut och u Personal op der Gerichter.

Sou goufen 2023 vun 2177 Affären der direkt 1500 „ad Acta“ geluecht. Just een Drëttel vun den Affäre géif poursuivéiert ginn, de Fokus quasi just nach op wichtegen a groussen Affäre leien, sou d´Madame Polfer.

2/3 vun der Affären ouni strofrechtlech Konsequenzen? Eng riicht an d´Gesicht fir d´Polizisten um Terrain, déi ëmmer nach zu ze wéineg sinn an hiert Bescht maache fir d´Kriminalitéit an de Greff ze kréien. Zanter Joren héiert een aus Policekreesser, dass d´Frustratioun grouss ass, well eng ganz Partie vun Affäre keen anstännege Suivi kréien a verschidde Krimineller mei schnell nees dobausse sinn, wei si festgeholl konnte ginn. Awer och eng riicht an d´Gesicht fir d´Affer an d´Plaignanten an allgemeng fir déi vill Bierger am Land, déi op een effikasse Rechtsstaat zielen an halen. An net zu Lescht och ee fataalt Zeechen un déi Minoritéit, déi sech net un d´Gesetzer hält an ouni Poursuitten dovu kënnt.

Déi grouss Schwächt vun der Politik gëtt grad am Dossier Sécherheet däitlech. Zanter gefillt 30 Joer ginn sech di grouss Parteie mat den nämmlechte Problemer of. Verbessere konnten si wéineg, si lafen de Problemer mëttlerweil genausou hannendrun, wei d´Leit um Terrain de Kriminellen. Eng Situatioun déi een och aus anere politesche Felder kennt, wéi zum Beispill dem Logement.

Wann een dann am Joer 2025 héiert, dass d´Situatioun Zitat„dramatesch“ ass, freet een sech wien alles an de leschte Joren seng politesch Responsabilitéiten net geholl huet. Aussiicht op Besserung: net wierklech. Firwat: well d´Politik léiwer kuerzfristeg zoupléischtert, wei laangfristeg ze handelen. Well Entwécklungen a verschidde Quartieren zu Esch, zu Ettelbréck,an der Stad an op villen anere Platzen ze laang nogekuckt gouf. Well schliisslech och d´Thema Kriminalitéit vu Leit déi rezent agewandert sinn een Tabu war an ass.

Analysen iwwert d´Ursaache vum „Ist-Zoustand“ kéint ee sécherlech stonnelaang maachen.Responsabel wäert sech awer kee fillen. Héich Zäit deemno fir Neel mat Käpp ze maachen:

Fokus fuerdert dofir:

  • Weider Rekrutement bei der Police, mee virun allem och Rekrutement bei der Magistratur. Et ass dréngend néideg, datt eis Geriichter an d’Situatioun versat ginn, méi séier a méi effikass ze decidéieren.
  • Fir den akute Manktem u Riichteren ze kompenséieren, mussen erfueren Affekoten oder och Spezialisten a spezifesche juristesche Beräicher kënnen als Riichter dengen an dëse Schrëtt ouni groussen administrativen Opwand goen. Duerfir muss och den néidege finanzielle Kader geschafe ginn.
  • Et gi grondsätzlech méi Juges d’Instructions gebraucht, fir dass d’Affairen e Suivi kréien an d’Leit net am Ree stoe gelooss ginn an ni mei eppes vun hirer Affaire héieren.
  • Et musse vill mei Méiglechkeete geschaf gi fir „Jugement sur Accord“ ze huelen tëschent Parquet, Victime an Auteur, wat d’Geriichter onheemlech géif entlaaschten, notamment an decken Drogenaffairen.
  • Schliisslech komme mir awer och zu Lëtzebuerg net ronderëm d´Diskussioun, wei mir mat Leit ëmginn déi kierzlech agewandert sinn a strofrechtlech opfalend gi sinn. Hei gellt ëmsou mei: „sech net un d’Reegelen halen“ muss konsequent a schnell bestrof ginn. Des Strof muss bei Widderhuelung och eng schnell Réckféierung an d´Heemechtsland kënne sinn.

Fir Fokus ass ee Rechtsstaat mat klore Reegelen an effektivem Fonctionnement d´Basis vun eiser fräier Demokratie. De Rechtsstaat gouf laang genuch vernoléissegt.

Letzebuerg, den 08.01.2025

Related Articles

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

Check Also
Close
Back to top button