Fokus 2025
Fokus 2025
Och Fokus ass mat engem Neijoerschpatt an engem éischten Nationalcomité an dat neit Joer gestart. Dobäi gouf ee Réckbléck op d´Joer 2024 gemaach an een Ausbléck op dat neit Joer.
Am Joer 2024 sinn d´Memberszuele vu Fokus stabil bliwwen. Finanziell steet d´Partei mëttlerweil op stabille Féiss an och déi éischt Kontrolle vun der Cours des Comptes si gutt verlaf. D´Scholden déi d´Partei nach vun de leschte Walen huet, wäerten am Fréijoer 2025 zeréckbezuelt sinn, sou dass de Bléck elo scho Richtung nächst Waléchéancen geet.
Politesch huet d´Partei an de leschte Wochen de Schwéierpunkt op d´Pensiounsreform, de Fonctionnement vun eisem Rechtsstaat an den obligatoresche biergerlechen Déngscht geluecht. Mat Bléck op déi nächste Méint a Joren huet d´Partei sech eng nei inhaltlech Ausriichtung ginn, andeems e puer Kärthemen definéiert goufen op deene Fokus besonnesch wäert schaffen a kommunizéieren an déi de Profil vun der Partei schäerfe sollen. Dëst sinn:
- Familljepolitik a Bildung
- De Rechtsstaat an d´Sécherheet
- De Logement an de Wuesstem
An deenen Themefelder ass Fokus schonn an der Vergaangenheet mat markante Positiounen opgefall, wéi e.a. der Elterenzäit (Aarbechtszäitreduktioun ouni Lounverloscht), dem biergerlechen Déngscht fir jonk Leit, dem Wuesstem an a mat der Groussregioun, engem Rechtsstaat deen déi néideg Moyenen huet, a villes mei.
Nach mei an de Fokus réckele sollen och déi biergerlech Wäerter, déi kloer d´Basis vun eiser Gesellschaft solle sinn an op déi eng vernënfteg Politik sech an Zukunft muss baséieren. Ugefaange bei der Erzéiung an dem Encadrement vun de Kanner a Jugendlecher, iwwert d´Behuelen an eiser Gesellschaft als Erwuessenen, an den Engagement fir eis Gesellschaft bis an den Alter. Des biergerlech Wäerter hunn sech schonn an eise rezente Positiounen erëmfonnt.
Dëst a villes méi wäert Fokus och um Kongress thematiséieren, deen de 27. Abrëll wäert stattfannen.
Letzebuerg, den 25. 01.2025




