Mobbing a Gewalt gehéiere bestrooft!
Déi Szenen, déi mer an deene leschte Stonnen hu misse gesinn, vu sënnloser a brutaler Gewalt géint ee mannerjäeregt Meedchen, hunn eis schockéiert. FOKUS ass déif betraff iwwer d’Mooss u Verréiung, wat bei verschiddene Jonken erreecht gouf. A mir fuerden zu aschneidendem Handelen op.
Mobbing mat physescher a séilescher Gewalt muss vun der Police an de Justizautoritéiten streng verfollegt a bestrooft ginn. D’Auteure vun esou verdaamenswäerten Dote liewe vun der vermeintlecher Sécherheet, datt hinnen an hirem Alter näischt geschéich. Dat mécht d’Doten emsou schlëmmer. Dat däerf net esou bleiwen.
FOKUS seet a sengem Walprogramm kloer: d’Uwendung vu Gewalt, a vollem Bewosstsinn, datt dat, wat ee mécht, net ka richteg sinn, gehéiert mat Fräiheetsentzuch bestrooft. Wann d’Auteure mannerjäereg sinn, muss eng amenagéiert Strof gesprach a vollzu ginn. D’Impunitéit vun de jonke Mobber vun haut ass d’Gewalt ënner den Erwuessene vu muer.
« Et ass keng Plaz méi am Jugendprisong » ass eng Ausso, déi muss derzou féieren, datt Plaz geschaf gëtt – net, datt Gewalttäter lafe gelooss ginn.
Lëtzebuerg, den 9. Juni 2023




